Fir de Memberen aus de regionale Landjugendgruppen an den Aarbechtsgruppen hir Unerkennung, fir hiren Asaz am Interessi vun eiser Jugendorganisatioun auszedrécken, huet den Nationalcomité dëst Joer en Tour op Meckenheim a Köln fir si organiséiert. 51 Jonker waren derbäi an hunn zwee interessant a flott Deeg (21. – 22. September 2019) matenee verbruecht.
Am nächsten LLJ.News (4/2019), deen den 11. Dezember 2019 publizéiert gëtt, fannt Dir den Artikel zu dësem Tour, dee vum Sophie Diderrich verfaasst ginn ass.
Fotoen: Angèle Mersch
- rbt
- rbt