De Jongbauerendag 2019: Referat vum Här Christophe Peifer-Weihs, Agrarpolitesch Stellungnam, Fotoen, …

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn e Sonndeg, de 17. November 2019 op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole vun Ettelbréck invitéiert.

No der Begréissung vun den Autoritéiten, den Acteuren aus der Landwirtschaft, de Frënn a Membere vun der LLJ duerch den LLJ-Nationalpresident Marc ROEDER, huet den Här Äerzbëschof, S. Em. Jean-Claude Card. HOLLERICH säi Grousswuert un d’Assemblée geriicht.

Geschwënn dono ass den neie Verbandsfändel vun der LLJ-Nationalpresidentin Angèle MERSCH virgestallt a vum Här Äerzbëschof ageseent ginn.

Den Här Christoph Peifer-Weihs, Direkter vu CONVIS, huet sengersäits d’Thema “Die Landwirtschaft im Klimawandel: Herausforderungen und Lösungen. Was bringt die Zukunft?” opgegraff. D’agrarpolitesch Stellungnam ass vum Ben SCHMITGEN a vum Pol WAGNER, Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik vun der LLJ, virgedroe ginn.

Zum Schluss huet den Här Romain SCHNEIDER, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an Entwécklung vum ländleche Raum, seng Unerkennung fir d’LLJ an e puer Wuert vun Encouragement fir de Secteur ausgeschwat.

  1. Pressetext
  2. Fotoen
  3. Referat zum Thema “Die Landwirtschaft im Klimawandel: Herausforderungen und Lösungen. Was bringt die Zukunft?vum Här Christoph Peifer-Weihs, Direkter vu CONVIS s.c.
  4. Agrarpolitesch Stellungnam

 

An der Press:

  1. Am “Luxemburger Wort” vum 19.11.2019 ënner dem Titel: Wink mit dem Zaunpfahl
  2. Ënner www.tageblatt.lu mam Titel: Agrarpolitische Stellungnahme der LLJ

 

 

LLJ

Comments are closed.