LLJ.News 4/2019

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr. 4/2019) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Mëtt Dezember 2019 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • De konkrete Benevolat vum Sophie Diderrich a Carlo Schiltges am Interessi vun eisen Associatiounen
  • E klenge Réckbléck am Bild op d’Bedeelegung vun der LLJ un der Bëschofwei vun hirem fréieren Nationalaumônier Leo Wagener
  • De Jongbauerendag, deen de 17. November 2019 a Präsenz vu villen Autoritéiten, Frënn a Membere vun der LLJ am LTA zu Ettelbréck ofgehale ginn ass
  • En Artikel vum Sophie Diderrich iwwer en Austausch vun der LLJ Dikrich mat der Landjugend Giessen
  • En Artikel vun der LLJ Zenter iwwer de rezente Mähdreschercross
  • E weideren Artikel vum Sophie Diderrich iwwer den Tour (Meckenheim, Köln), deen déi Verantwortlech vun der LLJ am September 2019 fir hir Memberen organiséiert hat
  • En Artikel vum François Glodt iwwer „En Dag vun der Kooperatioun“, op deen d’LLJ Cliärref de 6. Oktober 2019 invitéiert hat
  • D’Ofschlossfeier vum 60. Anniversaire vum Service Coopération vun der LLJ, de 26. Oktober 2019 zu Wickreng „An Haffen“
  • Rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer de Kooperatiounsprojet, deen den Asaz vum Duo Iesel/Kassin am Interessi vun de lokale Produzente am Burkina Faso stäerkt

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ

Comments are closed.