Patenschaft vum neie Fändel fir eis Associatiounen

Eis Lieser wëssen, datt sech den Nationalcomité am Kader vum 90. Anniversaire (2018) vun eiser Associatioun dofir ausgeschwat huet, fir en neie Verbandsfändel an Optrag ze ginn.

Nodeems, datt dunn d’Skizz vun der Mme Arlette Kieffer vun Näerzeng virlouch, huet d’Mme Michèle Schuler aus dem Oni’s Workshop vu Veianen sech un d’Aarbecht gemaach, fir der Kënschtlerin hire Projet wärend ville Stonnen am/um Stoff ze konkretiséieren.

Um neie Verbandsfändel vun der LLJ huet och d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” hir Plaz. Déi Verantwortlech vun der LLJ hunn drop gehalen, datt eng ganz Säit vum Fändel fir de Service Coopération reservéiert ass, dee jo bekanntlech zënter 60 Joer e wichtege Bestanddeel vun der Jugendorganisatioun duerstellt.    

Um Jongbauerendag, deen de 17. November 2019, wéi gewinnt am Lycée Technique Agricole ofgehale ginn ass, ass den neie Fändel virgestallt a vun eisem Här Äerzbëschof Jean-Claude Card. Hollerich ageseent ginn.

Patenschaft vum neie Fändel Folgend Autoritéiten, Firmaen, Memberen, Frënn a Bekannte vun eiser Associatioun, hunn d’Patenschaft vum neie Fändel iwwerholl. Mir soen hinnen e ganz grousse MERCI:

  • Agri-Distribution Wolff-Weyland
  • Banque Raiffeisen
  • Boonen-Hemmer Séverin & Albertine
  • Convis
  • Feltgen Norbert
  • Frantz Laurent
  • Glodt François
  • Goerens Charles, EU-Deputéierten
  • Hansen Christophe, EU-Deputéierten
  • Hansen Martine, Deputéiert
  • Kirsch Léon, Abbé
  • LLJ Cliärref
  • LLJ Furen
  • LLJ Dikrich
  • LLJ Maacher
  • LLJ Süden
  • LLJ – Aarbechtsgrupp Fleeschranner-Jongziichter
  • LLJ – Aarbechtsgrupp Zuucht
  • Mersch Angèle, LLJ-Nationalpresidentin
  • Meyers-Kirchen Arsène (Famill)
  • Modert Octavie, Deputéiert
  • Naturata
  • Richer Romain, LLJ-Nationalaumônier
  • Roeder Marc, LLJ-Nationalpresident
  • Schaaf Jean-Paul, Buergermeeschter
  • Scheidweiler Marcel
  • Simon-Arendt Mike & Danielle
  • Spautz Marc, Deputéierten
  • Thill Rolande & Schlechter Marc
  • Warmerdam-Frantz René
  • Welbes Gaston


Weider Ënnerstëtzung

——————————————————–

Iwwerhuelt och Dir d’Patenschaft vum neien LLJ-Fändel

Mat der Iwwerweisung vun engem Minimum vun 250 € op ee vun deenen hei vermierkte Konten, kënnt och Dir d’Patenschaft (Eenzelpersoun, Grupp, Firma, …) vum neie Fändel vun der LLJ iwwerhuelen: CCPL: LU12 1111 0040 0831 0000 (BIC: CCPLLULL)
CCRA: LU87 0090 0000 3705 3600 (BIC: CCRALULL)

 
LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.