Wonnerbare Gest vun de Fraen a Mammen vu Schieren

Am Kader vun hirer dësjäreger Generalversammlung, hunn d’Fraen a Mammen vu Schieren haut (11. Februar 2020) op eng Scheckiwwerreechung an de Festsall vun der Gemeng agelueden.

D‘Madame Henriette Mathias, Presidentin, huet do d‘Vertrieder vu sechs verschiddenen Hëllefsorganisatioune begréisst, déi am In- a wäiten Ausland an ënnerschiddleche Beräicher fir eis Matmënschen täteg sinn.

Ageluede waren d’Fondatioun APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés), BRASILUX, Les Semeurs de la Joie, Les Victimes de la Route, Wonschkutsch asbl a Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l., déi am Total déi impressionnant Zomm vu 16.000 € vun deene sympatheschen Dammen iwwerreecht kruten.

Eiser ONG sinn dovun 3.000 € zegutt komm. D’Sue sinn iwwer d’Joer (2019) erduerch bei verschiddenen Aktioune fir de gudden Zweck vun den Dammen erwirtschaft ginn.

Mir schléissen äis de Wierder vun Encouragement a Respekt fir d’Damme vum Här Buergermeeschter Eric Thill vu Schieren un. Deemno soen och mir der Madame Mathias an hirer Equipe am Numm vum Verwaltungsrot e ganz grousse MERCI – dat an eisem Fall, fir dëse wonnerbare Gest zugonschte vum Bauerestand am Burkina Faso.

François Glodt

 

Fotoen, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.