Generéise Scheck vun der LLJ Zenter fir d’Kooperatiounsprojeten vun eiser ONG

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir deene Verantwortleche vun der LLJ Zenter, déi op en Neits hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso mat engem generéise Scheck zum Ausdrock bruecht hunn, e ganz grousse MERCI!

Op hirer dësjäreger Generalversammlung, fir déi d’Memberen dee leschte Freideg (07.02.2020) an d‘Bricher Stuff op Brouch geruff gi waren, hunn si dem Romain Richer, President vun der ONG, e Scheck am Wäert vun 2.500 € iwwerreecht.

Dës Sue fléissen integral an d’Kooperatiounsprojeten, déi eis ONG am Burkina Faso mat hire Partner am Interessi vum lokale Bauerestand leescht. E Bravo un de Fränz Kass, President vun der LLJ Zenter a seng Ekipp, fir dëse schéine Gest!!!

_____________________________________________________________

Dans le cadre de l’assemblée générale ordinaire – qui a eu lieu le vendredi 7 février 2020 à Brouch – les responsables du groupe régional « Zenter » de la Jeunesse rurale et des Jeunes agriculteurs (LLJ) ont exprimé à nouveau leur solidarité avec les populations rurales du Burkina Faso.

En effet, Fränz Kass – dans sa fonction de président de la LLJ Zenter – a remis un chèque d’une valeur de 2.500 € à Romain Richer, président de notre ONG, afin de soutenir les projets de coopération que l’ONG réalise avec ses partenaires locaux pour le bien des producteurs burkinabés.

Un grand MERCI à Fränz et à son équipe !!!

Photo: Mike Meyer

 

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter

Comments are closed.