Entrevue mam Här Claude Meisch, Edukatiounsminister

E Méindeg, den 28. Januar 2020, huet sech fir déi Verantwortlech vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” a vum LEADER-Projet Fro de Bauer, d’Méiglechkeet erginn, fir den Här Minister Claude Meisch am Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse ze treffen.

De Marc Roeder, LLJ-President an de Mike Meyer, Chargé vum Service d’Informatioun pour Jeunes (LLJ), si bei där Geleeënheet un éischter Stell op d’Jugendorganisatioun mat hire siwe regionale Gruppen, hir Ziler an hir gängeg Aktivitéiten agaangen.

De Marc Jacobs, President, de Jérôme Reuter, Koordinator, an d’Lisa Jacqué, Responsabel fir d’Ëmsetzung vum LEADER-Projet Fro de Bauer, hunn hirersäit dës interessant Sensibiliséierungsaktioun vun der LLJ virgestallt an sech mam Här Minister iwwer e méiglechen spéideren Ausbau vun der Aktioun beroden.

Fotoen: Mike Meyer

 

 

Fotoen, LLJ, LLJ - Fro de Bauer

Comments are closed.