Message vun Encouragement vum LLJ-Nationalaumônier an ONG-President

Léif Frënn,

Et ass eng komesch Zäit ! Mir all si gewinnt, äis reegelméisseg ze gesinn, verschidden Aktivitéiten ze organiséieren an einfach do ze sinn. Dat, wat mir awer elo erliewen ass ongewinnt, net normal an et kann engem Angscht maachen.

Ech weess net wéi et iech geet, mee am Ufank hunn ech mir gesot, majo, dann hunn ech elo Zäit fir ze raumen, ze liesen, ze raschten … mee ech mierken awer och, datt mir d’Gemeinschaft feelt ! Mee mir fannen aner Weeër, wéi mir äis begéine kënnen : Telefon, Mail, etc.

Et heescht tatsächlech vun dëser Zäit ze profitéieren, fir zur Rou ze kommen, opzeraumen, am Haus ewéi och am Liewen. Et heescht awer och – grad elo – eng Stäip ze sinn, fir aner Mënschen! Mir däerfen net a Panik verfalen, mee kommt mir kucken, wéi deen een, deen aneren ënnerstëtzen an hëllefe kann.

Op all Fall sinn ech weider fir iech do an eben iwwert Telefon (691 921 054), Mail (rricher@pt.lu), etc. erreechbar! A vläicht sinn ech och deemnächst op Facebook…

All Guddes a bis hoffentlech geschwënn bei engem grousse Fest,

Romain Richer

LLJ, LLJ – Service Coopération

Comments are closed.