Digital Foire Agricole 2020 – fir Kanner a Jugendlech

Bedéngt duerch d‘COVID-19-Pandemie kann déi traditionell Foire Agricole Ettelbruck (FAE) dëst Joer net – wéi gewinnt – organiséiert ginn. Déi Verantwortlech hunn sech dofir ausgeschwat, fir se an digitaler Form unzebidden.

Si leeft deemno den 3. a 4. Juli 2020 iwwer d’Websäit vun der FAE; dat ënner www.fae.lu. Fir déi Interesséiert bidd sech do d’Méiglechkeet, sech duerch d‘Websäit ze klicken oder de Livestream mat Chatfunktioun vun 10:00 – 19:00 Auer ze suivéieren.

Digital Foire Agricole fir Kanner a Jugendlech

Och d’Kanner an déi Jugendlech solle bei dëser 1. digitaler FAE net ze kuerz kommen. An Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) an der Aktioun Fro de Bauer (LLJ) proposéieren déi Verantwortlech vun der FAE e spezielle Programm fir déi Kleng an déi Jonk.

Programm:

  • Ënner fae.lu sinn all d’Elementer (z.B. Videoen), déi vun den Exposante fir d’Kanner an déi Jugendlech ugebuede ginn, speziell markéiert.
  • Um Site kënnt Dir Iech virtuell duerch d‘Landwirtschaft klicken: B. 3D- Visitte mat Erklärungen aus dem Mëllech- a Schwäistall, de Kéi op der Weed, d’Geméisfeld, …
  • Freides, den 3. Juli 2020 ass vun 10h15 – 11h45 Auer ee speziellen animéierte Programm fir d‘Schoulklassen am Livestream virgesinn:

 

    • Erklärungen zur Lëtzebuerger Landwirtschaft mat Hëllef vun den 3D- Rondgäng a Videoen
    • E Gewënnspill mat engem adaptéierte Froebou fir all Cyclë mat engem flotte Gewënn. D’Äntwerten op d‘Froe fannt Dir um uewegenannte Site. D’Gewënnspill leeft bis freides, den 10. Juli 2020!

 

All Detailer zu dësem Programm fannt Dir ënner https://digital.fae.lu/kids/ (Wichteg: Dëse Link gëtt eréicht den 3. Juli 2020 aktivéiert). Dir braucht Iech net unzemellen; klickt einfach eran 🙂

 

 

LLJ, LLJ - Fro de Bauer

Comments are closed.