Ënnerstëtzung vun de Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso

D’Duerf Zambélé an der Gemeng Gomponsom zielt ongeféier 27.000 Awunner, déi virun allem vun der Landwirtschaft liewen. Zënter 2015 begleet eis ONG, d’Populatioun vu Zambélé bei der Realisatioun vun engem Schoulkomplex, wou de Préscolaire, d’Grondschoul an de Secondaire um selwechte Site regruppéiert sinn.

D’Vereenegung vun de Wiewerinne vu Zambélé huet zum Zil, d’Formatioun vu Fraen ze promouvéieren an hinnen Tätegkeeten am Beräich vun der Produktioun vu Stoff ze erméiglechen, déi e klengt Akommes fir si generéieren. D’Associatioun setzt sech am Moment aus 45 Fraen zesummen, déi sech beim Fierwe vu Fiedem an der Produktioun vu Stoff engagéieren. Eng spezialiséiert Monitrice assuréiert déi reegelméisseg Aus- a Fortbildung an den Encadrement vun den neie Membere vun der Vereenegung.

Den Knowhow vun de Wiewerinne vu Zambélé an d’Qualitéit vum Stoff stoussen op eng breet Unerkennung an der Géigend a si virun allem fir déi héichwäerteg Veraarbechtung vun afrikaneschen Dicher (pagnes) bekannt, op déi fir offiziell Tenuen an Zeremonien zréckgegraff gëtt. Dëse Succès ass op déi gefleegten Aarbecht vun de Fraen zréckzeféieren, déi – ënner anerem – zënter laange Jore vun der Initiativ „Partage Afrique“ encadréiert gi sinn.

Haut heescht et, dës Kenntnisser ze stäerken an et de Wiewerinne vu Zambélé ze erméiglechen, fir sech mat méi grousse Wiefstill ze ekipéieren. Domat soll engersäits hir Produktioun valoriséiert an anerersäits hir Offer gesteigert ginn, fir iwwer dee Wee de Besoine vun hire Familljen entgéintzekommen an d’Kanner ze scolariséieren.

Mir zielen op Är wäertvoll Ënnerstëtzung !

 

LLJ – Service Coopération

Comments are closed.