Jongbauerendag 2020

E Sonndeg, den 22. November 2020 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag invitéiert. Opgrond vun der Covid-19-Pandemie war dëst awer eng besonnesch Editioun, well d’Memberen a Sympathisante net wéi gewinnt am Festsall vun der Akerbauschoul konnten empfaange ginn. Si konnten déi dësjäreg Editioun iwwer eng Live-Iwwerdroung verfollegen.

Den oftriedenden Nationalpresident Marc Roeder huet d’Memberen a d’Sympathisanten häerzlech zu dëser besonnescher Editioun vum Jongbauerendag begréisst, éier hien d’Wuert u säin Nofollger Luc Emering weiderginn huet.

Den Här Äerzbëschof, S. Em., Jean-Claude Kard. Hollerich huet séngersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst an e klenge Message u si geriicht.

Den Europa-Deputéierte Christophe Hansen ass a sengem Referat ënner anerem op de Green Deal an d’Farm-2-Fork-Strategie agaangen.

De Ben Schmitgen a Pol Wagener, Membere vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik”, hunn déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, op déi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider zum Schluss vum Owend reagéiert huet.

 

LLJ

Comments are closed.