Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering

En neie President fir d‘LLJ

 

De Luc Emering huet um leschte Jongbauerendag d’Féierung un der Spëtzt vum Jugendmouvement iwwerholl.

Zënter dem Jongbauerendag 2020, deen den 22. November 2020 opgrond vun der Covid-19-Pandemie an digitaler Form organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) mam Luc Emering en neie President. De Luc assuréiert deemno – zesumme mam Angèle Mersch – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.

Bekanntlech gëtt d‘Associatioun zënter de Modificatioune vun de Statute vum 15. Abrëll 2016 vun zwee Presidente gefouert:

  • Deen éischter op Fräizäitaktivitéiten ausgeriichte Volet vun der Landjugend ass um Landjugenddag 2018 zu Iischpelt vum Angèle Mersch iwwerholl ginn;
  • Dee professionelle Volet ronderëm d’Jongbaueren, deen de Luc Emering um Jongbauerendag 2020 vum Marc Roeder iwwerholl huet;

 

Dem Luc säi Virgänger Marc Roeder huet säi Récktrëtt am Nationalcomité am Juni 2020 bekannt ginn. Geschwënn drop huet de Luc sech bereet erkläert, fir d’Funktioun vum President um Jongbauerendag ze iwwerhuelen.

De Marc Roeder huet eise Jugendmouvement vum Jongbauerendag 2016 un, mat vill Geschéck gefouert. Mir soen eisem fréiere President heimat e grousse MERCI fir säi grousst Engagement am Interessi vun deene Jonken an eiser Associatioun.

Mat deem folgenden Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir de Memberen, Frënn a Sympathisante vun der LLJ eisen neie President virzestellen. De Luc ass säit enger Rei vu Joren am regionale Landjugendgrupp Süden aktiv an zënter 2018 och am Nationalcomité vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren vertrueden.

                                                                                                                                    

Luc Emering

  • Gebuer den 13. JUli 1996
  • Wunnt zu Sprénkeng
  • Beruff: Bauer / Ausbildung: B.Sc. Agrarwirtschaft

 

Funktiounen innerhalb vun eiser Associatioun:

  • Zënter 2016 Member vun der LLJ Süden
  • Zënter 2017 Member vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik
  • Zënter 2018 Member vum Comité vun der LLJ Süden
  • Zënter 2018 Member vum Nationalcomité vun der LLJ

Aner Engagementer:

  • Conseiller am Dippecher Gemengerot
  • President vun der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Dippech

Hobbyen:

  • Restauratioun vun Oldtimer Trakteren

______________________________________________________________

Responsabilitéit iwwerhuelen

 

Luc,

Mir kennen Dech zënter 5 Joer als aktive Member vun der LLJ Süden a vum Nationalcomité vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. Wat huet Dech motivéiert, fir déi nei Erausfuerderung un der duebeler Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren unzehuelen?

Ech hunn iwwert déi lescht Jore constatéiert, datt an dësem Verein eng immens Dynamik a Wäitsiicht dominéiert,wat virun allem déi agrarpolitesch Theemen ugeet.

Mir brauchen eng staark Stëmm fir d’Lëtzebuerger Baueren, beim Konsument a bei der Politik! Genau déi 2 Elementer kombinéiert dës eenzegaarteg Asbl.

D’Aarbecht vun de Jongbaueren ass am Interessi vun all Bauer, ob Bio oder Konventionell.

Dës wichteg Theemegebidder, souwéi déi ganz gutt Viraarbecht vu menge Virgänger, an och d’Zesummenaarbecht mat eiser Nationalpresidentin a mat deenen eenzele regionale Gruppen hu mech besonnesch motivéiert dës nei Erausfuerderung unzehuelen – e besonnesche Merci och op dëser Plaz un den Nationalcomité fir d’Vertrauen.

 

Als Member vum Nationalcomité vun der LLJ hues Du sécher Deng Virstellunge vun deem, wat Deng Aufgab als President vum Jugendmouvement bedeit?

Zesummenhalt, léisungsorientéiert a keng Angscht viru groussen Erausfuerderungen hunn.

 

Am Joer 2028 feiert d’LLJ hiren 100. Gebuertsdag. Et sinn zwar nach e puer Joer bis dohin, mee wat bedeit et fir Dech, engem Mouvement virzestoen, deem seng Membere sech säit bal 100 Joer ëmmer nees bereeterklären, fir sech fir eng nëtzlech Saach anzesetzen a Verantwortung ze iwwerhuelen? 

Ech denken dat bedeit ganz villes. 100 Joer ass eng laang Zäit, an dat beweist, datt de Respekt an den Zesummenhalt ëmmer ganz groussgeschriwwe gi sinn an der Geschicht vun eiser Associatioun. Dat heescht awer och , dass mir eng immens Stäerkt hunn , respektiv eis Virfaren haten.

Eis Aufgab ass et, déi gesamt Memberschaft, ouni déi dëse Veräin net bestoe kéint , weiderhin ze motivéieren, duerch Aktiounen, déi äis virubréngen , an esou de Veräin op déi nächst 100 Joer virzebereeden. Eis Vergaangenheet weist, datt mir nach eng ganz grouss Zukunft virun äis hunn.

 

Wat fir eng Erwaardungen hues Du un déi regional Gruppen an un den Nationalcomité? 

D’Erwaardunge sinn héich. Den Nationalcomité soll eng Plattform sinn, wou déi grouss Linne vum Veräin am Aklang mat den Iddie vun de regionale Gruppen definéiert ginn. Eis Associatioun gëtt op de Schëllere vun deene regionale Gruppe gedroen. Dës 7 Gruppe sollen an all Entscheedunge kënne mat angebonne ginn, si hunn eng Schlësselroll, wann et drëms geet, grouss Aktiounen duerchzeféieren. D’Vergaangenheet huet äis gewisen, datt den Zesummenhalt ënnert deene regionale Gruppen op nationalem Niveau ëmmer ganz gutt war, soumat sinn ech zouversiichtlech, datt déi eenzel Gruppen, déi immens staark sinn, all Erwaardunge wäerten erfëllen.

 

Kanns Du äis Deng Erfarunge matdeelen, déis Du bei der LLJ Süden gemaach hues?

D’Landjugend Süden ass eng immens innovativ Grupp, grouss Aktiounen, wéi de Plouconcours hu mir an d’Liewe geruff. Theater spillen, a vill aner Aktioune beräicheren d’Landjugend Süden. De Süden huet och ganz vill nei jonk Memberen, wat beweist, datt d’Stëmmung hei besonnesch gutt ass.

 

Gëtt et Denger Meenung no innerhalb vun der LLJ, Beräicher déi een nei/anescht ugoe kann/misst?

Mir sinn an der rezenter Vergaangenheet déi eng oder aner Reform ugaangen. Sou figuréiert dësen Interview an der 1. digitaler LLJ.News! Wichteg ass, datt mir äis permanent moderniséieren. Eise laangjärege Generalsekretär, de Franz, geet leider no ganz ville Joren Asaz a seng wuelverdéngte Pensioun. Jiddereen deen de Franz kennt, weess wat hie fir dës Associatioun geleescht huet! Merci dofir! Hei musse mir och kucken, wéi et dann an eiser administrativer Zentral weidergeet.

 

Wéi gesäis Du d’Zukunft vun der LLJ?

D’Vergaangenheet huet gewisen, datt ganz villes richteg gelaf ass, soss hätt dës Associatioun net knapps 100 Joer. Ech denken, et ass wichteg, datt mir eis politesch Aarbecht weiderhin esou professionell féieren, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war, an den Dialog mat deenen eenzele Partner esouguer nach ausbauen. Mir musse pragmatesch a proaktiv sinn, d’Probleemer mam Numm nennen a léisungsorientéiert handelen!


Wéivill Zäit hëlt Däin Engagement fir d’LLJ elo schonn an Usproch?

Vill, ech zielen déi Zeit awer net, wann ee sech mat enger Associatioun identifizéiert a seng Aarbecht gäre mécht, ass de Faktor Zäit zweetrangeg.

 

Wéi gesäis Du d’Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg a wéi kann d’LLJ Denger Meenung no dozou bäidroen, datt de Status vum Bauer a Produzent an eiser Gesellschaft nees méi valoriséiert gëtt?

Mir sinn um gudde Wee. Kaum eng aner Associatioun féiert méi Gespréicher mat politesche Partner vun ALLE Borden a proposéiert Léisungen , wéi och laangfristeg eng Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg ka fonctionnéieren. D’Promotioun an d’Unerkennung beim Konsument sinn Theemen, déi äis um Häerz leien, dofir hu mir grouss Sensibiliséierungscampagnë wéi de Bauerenhaff an der Stad oder eise Grupp Fro de Bauer, wou intensiv u genau där doter Problematik geschafft gëtt

 

D’Kooperatiounsaarbecht an Afrika stellt bekanntlech zënter iwwer 50 Joer en Haaptbestanddeel vum Schaffe vun der Landjugend a Jongbaueren duer. Wéi gesäis Du dat Engagement?

Ech denken, datt d’ONG en immens wichtege Bestanddeel vun eisem Veräin ass. Mir brauchen engagéiert Leit , déi iwwert eisen Tellerrand ewechkucken a bereet sinn Leit ze hëllefen, finanziell mee och mat  Wëssen. Do ginn et jo och schonn immens Resultater, wat duerch déi Kooperatiounsaarbecht alles an Afrika op d’Bee gestallt ginn ass. Dat Engaggement soll op jiddefall an Zukunft esou weidergefouert ginn!

 

Mir soen dem Luc e grousse Merci fir dës interessant Andréck a wënschen him „Bonne Chance“ an der Funktioun vum President. Dem Marc soe mir e ganz grousse Merci, fir säin Engagement am Déngscht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a wënschen him vill Freed a Satisfaktioun am Beruff an hoffen, datt hien der LLJ weiderhin erhale bleift.

 

LLJ

Comments are closed.