Lët’z Grill am Kader vun der Foire Agricole 2021

Am Kader vun der Foire Agricole 2021 bitt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) Iech dëst Joer Lët’z Grill-Tute mat regionale Produite fir op de Grill fir 2 oder 6 Persounen

  • Lët’z Grill-Tut fir 2 Persounen zum Präis vu 65€
  • Lët’z Grill-Tut fir 6 Persounen zum Präis vun 105€

 

Maacht Iech bäi a reservéiert bis de 4. Juli 2021 Är Grilltut fir den 10. Juli ënner info@jongbaueren.lu oder iwwer Telefon 44743-252.

Dir kënnt Är Commande e Samschdeg, den 10. Juli vun 10:00 bis 17:00 Auer op engem vun eise 7 Take Away-Plaze ofhuelen:

  • Clierf: Hal Polyvalent (22, route d’Eselborn L-9706 Clervaux)
  • Ettelbréck: Däichhal (3, rue du Deich L-9012 Ettelbruck)
  • Jonglënster: Centre Polyvalent Gaston Stein (1, rue Emile Nilles L-6131 Junglinster)
  • Lëtzebuerg: Place Hamilius (bis 14:00 Auer)
  • Rammerech: Centre Culturel Rambrouch (8, rue du Nord L-8806 Rambrouch)
  • Schumann’s Eck: um Parking
  • Sprénkeng: Dudel-Magie S.à.r.l. (Rue de la croix L-4998 Sprinkange)
LLJ

Comments are closed.