3. Bauerenhaff an der Stad

No engem Joer Paus, wou et eis net méiglech e flotte Bauerenhaff an der Stad z’organiséieren, starte mir dëst Joer nees duerch a sti mat béide Féiss schonn an de Startlächer mat de Preparatioune fir déi 3t Oplag vum Bauerenhaff an der Stad.

A sëllege Versammlungen hu mir eis Käpp schonn zesumme gestreckt an iwwerleeë wéi mir, och ënnert dem Covid-19-Virus an den domat verbonnene Mesuren, fir Iech e flotte Bauerenhaff an der Stad kënne plangen an organiséieren.

Mir scheie keng Méi a Käschten, dofir géinge mir eis ëm sou méi freeën Iech um Weekend vum 2. an 3. Abrëll 2022 op der „Place de la Constitution bei der gëlle Fra“ an der Stad kënnen ze begréissen.

Natierlech gëtt fir Grouss a Kleng vill gebueden. Sou si vill Aussteller op der Plaz selwer wou Dir mat de Produzenten a Kontakt triede kënnt, dat eent oder anert kafen a schmaache kënnt. Och un eng flott Kanneranimatioun hu mir geduecht a fir de gudde Maufel an d’Gedrénks ass natierlech gutt gesuergt ginn a vergiesse mir nëmmen net de Show-Cooking, wou dir eis Prominenz an Aktioun erliewe wäert.

Dofir verpasst dëse flotte Rendezvous um Weekend vum 2. – 3. Abrëll 2022 net.

Mir freeën eis nees mat Iech e flotte Weekend an der Stad um Parking vun der gëlle Fra kënnen ze verbréngen.

LLJ

Comments are closed.