46. Landjugenddag zu Harel

Wien hätt dat 2020 geduecht, dass mir 2 Joer laang op de Landjugenddag misste verzichten. Mee 2022 ass et endlech nees souwäit!

No der Editioun déi 2020 leider huet missen ofgesot ginn, start d’Landjugend Uewersauer nees duerch an huet sech gären nees bereet erkläert de Landjugenddag ze organiséieren.

An deene leschte Méint hu si oft hir Käpp zesummegestreckt fir de 46. Landjugenddag zu Harel ze organiséieren. Den 1. Landjugenddag ass 1975 vun der Landjugend Cliärref organiséiert ginn an ass zënterhier e feste Rendezvous am Kalenner vun der LLJ.

Et gëtt op all Landjugenddag ëmmer eng jett sportlech Aktivitéite wou een sech mat senger Ekipp enger flotter Erausfuerderung stelle kann. Wien allerdéngs net sou sportlech ënnerwee ass, ka gären den Tour als Trëppeltour matgoen an sou seng Ekipp ënnerstëtzen.

Wéi all Kéiers ass och dës Kéier beschtens fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Also notéiert Iech den Datum vum 26. Mee 2022, getrei dem Motto :„Hopp Hopp! Alles op Harel erop iwwer Bierg an Dall, teste mir Iech all!“.

Landjugenddag_2022

Attachments

LLJ

Comments are closed.