Impakt vum Ukrain Krich op d’Entwécklungszesummenaarbecht am Burkina Faso

De Krich an der Ukrain ass eng Tragedie, wéi d’Welt se säit ville Joren net méi kannt huet, Millioune Leit verléieren hiert Doheem, hier Zukunft a leider, vill vun hinnen och hiert Liewen. A wéi sou oft, sinn et déi vulnerabelst Populatiounen op der Welt, déi als éischt d’Konsequenze vu Katastrophen ze spiere kréien, esou och d’ländlech Bevëlkerung am Burkina Faso.

De Burkina Faso ass eent vun den am mannsten entwéckeltsten Länner op der Welt, an deem e groussen Deel vun der Populatioun vun der Subsistenzwirtschaft lieft. Dofir ass d’Zil vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG d’Ausläschung vun der Aarmut an d’Verbesseren vun der Ernierungssécherheet.

Fir d’ganz Joer iwwer 3 mol den Dag iessen ze kënnen, ass haut nach net fir jiddereen eng Selbstverständlechkeet am Burkina Faso. Duerch de Projet 2018-2021 zesumme mat der FEPAB, konnt d’ONG d’Ernierungssécherheet fir 80000 Mënschen an der Zilpopulatioun verbesseren, mee trotzdeem bleift dat e ganz fragillen Equiliber dee vu klimateschen, geographeschen a politesche Facteuren ofhänkt.

Duerch de Klimawandel verréckelt sech d’Zone an där nach ka Landwirtschaft bedriwwe gi  kontinuéierlech Richtung Süden. Lues a lues ginn d’Recolte méi kleng bis déi Famillen net méi genuch kënne produzéieren. Da mussen si dat wat feelt um um Maart akafen, wann si sech et leeschte kënnen.

Och d’sanitär Kris huet eng direkt Auswierkung op d’ländlech Bevëlkerung am Burkina. Wéi vill Famillje wierklech vun der Krankheet betraff waren a sinn, kënne mer net genau ofschätzen, vill ze grouss sinn d’Donkelziffere vu Kranken a Gestuerwenen. En Impakt, dee mer awer ofschätze kënnen, ass dee vum Präis vun Agrarproduiten. Deen ass 2020 an 2021 duerch d’sanitär Kris em 129% geklommen.

Elo kënnt och nach e Krich tëschent deene Länner dobäi, déi fir e groussen Deel vun der weltwäiter Agrarproduktioun zoustänneg sinn. De Burkina Faso huet zwar eng Subsistenzwirtschaft, ass awer trotzdeem vun de globale Liwwerketten ofhängeg. 60% vun de Kären déi gebraucht gi, ginn direkt aus Russland an der Ukrain importéiert.

Duerch de Covid an de Krich zesummegefaasst sinn an de läschen zwee Joer d’Präisser fir Agrarproduiten em 157% geklommen. Wann 2020  50 kg Mais 8500 FCFA kascht hunn, da kaschten déi haut 22000 FCFA. Lo ass dat e Beispill mat Agrarproduiten mee dat léist sech genau sou op de Präis vum Dünger a Bensinn uwenden.

An enger entwéckelter Wirtschaft ass dës Präisdeierecht zwar spierbar an dréckt op d’Kafkraaft, mee am Burkina Faso bedeit dat, datt e groussen deel vun der Populatioun zeréck an d’Aarmut rëtscht, an domadder d’Ernierungssécherheet  net méi garantéiert ass.

Déi am mannsten entwéckeltst Länner sinn och déi, déi am meeschten ënnert dësen 3 Krise leiden. Dofir ass d‘Arbescht vun der ONG em sou méi relevant an der aktueller Situatioun.

Fir sech weider z’informéieren:

https://www.researchgate.net/publication/261004312_Impact_des_changements_climatiques_sur_les_revenus_agricoles_au_Burkina_Faso

https://unctad.org/system/files/official-document/osginf2022d1_en.pdf

https://www.france24.com/fr/émissions/journal-de-l-afrique/20220317-l-afrique-face-au-risque-de-crise-alimentaire-avec-la-guerre-en-ukraine

https://www.economist.com/middle-east-and-africa/how-the-invasion-of-ukraine-will-spread-hunger-in-the-middle-east-and-africa/21808072

 

 

 

 

LLJ

Comments are closed.