Jongbauerendag 2023

E Sonndeg,de 26. November 2023 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole zu Gilsdref invitéiert.

Fir eng drëtte Kéier gouf hei zu Gilsdref am Festsall de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert, deen och nees live op de Soziale Medien iwwerdroe ginn ass, fir déi Leit déi de Wee an de Lycée Technique Agricole net konnten op sech huelen.

Den Här Weibëschof, Msgr. Leo Wagener, huet sengersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst a säi Grousswuert u d’Leit geriicht.

Uschléissend hunn d’Sara Thill an de Charel Welbes, Membere vum Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, wou si d’Gedanken an d’Doleancë vun eise Memberen ugeschwat hunn. Dës Punkte sinn an der Table ronde duerno nees un Hand vu verschiddene Videoen, mat Diversifikatiounen aus der Landwirtschaft, déi eis Memberen ugaange sinn, opgegraff an diskutéiert gi vun eisen Invitéen.

Zum Schluss hunn den neien Ëmweltminister Serge Wilmes an déi nei Landwirtschaftsministesch Martine Hansen d’Wuert ergraff a puer weider Informatiounen an Erklärunge zu den ugeschwaten Themen ginn.

 

Stellungnahm Jongbauerendag 2023

Pressetext Jongbauerendag 2023

LLJ

Comments are closed.