Jongbauerendag 2023

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag de 26. November an den LTA zu Gilsdref.

No der Begréissung vun eisem oftriedenen LLJ-Nationalpresident Luc Emering, begréisst Iech de neien LLJ-Nationalpresident Charel Ferring, iert den Här Weibëschof Msgr. Leo Wagener d’Grousswuert un de Public riicht. Duerno gëtt déi agrarpolitesch Stellungnam vum Sara Thill a Charles Welbes virgedroen, iert duerno an enger Panneldiskussioun Thema “Villfälteg Landwirtschaft vu muer” behandelt gëtt.

Un der Diskussiounsronn huelen deel:

  • Dr. André Weidenhaupt – Premier Conseiller de Gouvernement – Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable
  • Dr. Félix Wildschütz – Direkter Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire
  • Marc Weyland – Direkter Administration des Services techniques de l’Agriculture
  • Georges Reding – Direction des énergies renouvelables – Ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire
  • Jean-Claude Muller – President Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin
  • Marthe Bourg – Presidentin LLJ
  • Charel Ferring – President LLJ

Moderatioun iwwerhëlt d’Annick Goerens.

Zum Ofschloss invitéiert d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. Iech op een Éierewäin.

Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.

 

LLJ

Comments are closed.