D’Zeitung vun der Landjugend an de Jongbaueren
Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/20198) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Mëtt Juni 2019 mat der Post zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:
- déi „2. Editioun vum Bauerenhaff an der Stad“, déi iwwer de Weekend vum 6. – 7. Abrëll 2019 bei der „Gëlle Fra“ vun der LLJ organiséiert ginn ass
- de „45. Landjugenddag“, deen den 30. Mee 2019 vum regionale Landjugendgrupp Maacher zu Berbuerg organiséiert gëtt
- d’Opleschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2019 – 2020 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
- d’Virstellung vum neien ekologesche Landwirtschaftsberoder Marc Jacobs
- d’Virstellung vun der Sensibiliséierungsaktioun Fro de Bauer duerch d‘Lisa Jacqué
- d’Virstellung vum Grupp Zuucht duerch hire neie President Raoul Gerekens
- de Programm, deen d’ONG fir hire 60. Anniversaire op der Foire Agricole virgesinn huet
- …
Dësweidere werfe mir e Bléck op:
- déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren
- d’Cuvée Jubilée, déi am Kader vum 60. Anniversaire vun der ONG vu FRU by Georges Schiltz elaboréiert ginn ass
- …
Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu