Auteur-Archiv: Mylène Schrenger

“Biologische und regionale Produkte? … auch in den Schulkantinen? Eine Illusion oder eine Realität in der nahen Zukunft?”

Konferenz / Podiumsdiskussion: Biologische und regionale Produkte … auch in den Schulkantinen? Eine Illusion oder eine Realität in der nahen Zukunft?

“Biologische und regionale Produkte? … auch in den Schulkantinen? Eine Illusion oder eine Realität in der nahen Zukunft?”
Esou den Titel vun der Table ronde vum Mouvement écologique an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op der Foire Agricole, Samschdeg den 2. Juli um 14.00 Auer.
Kommt bis op eise Stand kucken, lauschteren an diskutéiert mat!

 

LLJ | Comments Off on “Biologische und regionale Produkte? … auch in den Schulkantinen? Eine Illusion oder eine Realität in der nahen Zukunft?”

Eng nei Presidentin fir d’LLJ

Zënter dem 46. Landjugenddag, deen den 26. Mee 2022 vun der Landjugend Uewersauer zu Harel organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Marthe Bourg. Si assuréiert deemno – zesumme mam  Luc Emering – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.

Bekanntlech gëtt d‘Associatioun zënter de Modifikatioune vun de Statute vum 15. Abrëll 2016 vun zwee Presidente gefouert:

  • Dee professionelle Volet ronderëm d’Jongbaueren ass zënter dem 22. November 2020 vum Luc Emering iwwerholl ginn;
  • deen éischter op Fräizäitaktivitéiten ausgeriichte Volet vun der Landjugend fält deemno neierdéngs an den Zoustännegkeetsberäich vum Marthe.

Bedéngt duerch nei berufflech a privat Erausfuerderungen huet d’Virgängerin vum Marthe hire Récktrëtt am Nationalcomité am Abrëll 2022 bekannt ginn. Geschwënn drop huet d’Marthe sech bereet erkläert, fir d’Funktioun vun der Presidentin vum 26. Mee 2022 un ze iwwerhuelen.

D’Angèle Mersch huet eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2018 un, mat vill Geschéck a Fangerspëtzegefill gefouert. Mir soen eiser fréierer Presidentin heimat e ganz grousse MERCI fir hiert grousst Engagement am Interessi vun deene Jonken an eiser Associatioun.

Mam Interview an der nächster Editioun vum LLJ.News wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir de Memberen, Frënn a Sympathisante vun der LLJ eis nei Presidentin virzestellen.

LLJ | Comments Off on Eng nei Presidentin fir d’LLJ

Foire Agricole fir Kanner – 2022

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 1. Juli 2022


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire

e Freideg, den 1. Juli 2022 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.  

2022 Workshops für Schulklassen


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne vum 07. Juni (um 09:00 Auer) bis de 24. Juni 2022 (um 16:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld vun de Reservatiounen muss e Login ugefrot ginn: https://workshop.foireagricole.lu/ 

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

Attachments

LLJ | Comments Off on Foire Agricole fir Kanner – 2022

Generalversammlung 2022

Galerie mat 10 Fotoen.

Réckbléck am Bild op eis dësjäreg uerdentlech Generalversammlung, déi den 6. Mee 2022 mam gängege Programm am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Gilsdref ofgehale ginn ass, mat: Begréissung vun der Assemblée duerch d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch, Luc Emering Aktivitéitsbericht vun … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Generalversammlung 2022

Bauerenhaff an der Stad 2022

Iwwer de Weekend vum 2. bis 3. Abrëll 2022 kréien déi Stater Leit d’Geleeënheet, fir sech e konkret Bild iwwer d’Aarbecht op de Bauerebetriber ze maachen.

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Place de la Constitution – bei der Gëlle Fra – fir déi zwee Deeg e Bauerenhaff vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) opgeriicht, fir den Interesséierten déi vill Facettën vum Bauerewiese méi nozebréngen.

 

Flyer 2022

Dossier de Presse 2022

Broschüre2022

 

LLJ | Comments Off on Bauerenhaff an der Stad 2022

Programm 2022

Bauerenhaff an der Stad

Um Programm während dem 2. an 3. Abrëll 2022:

 

  • Ausstellung vun Déieren (Mëllechkéi, Mammekéi, Schwäin, Schof, Geessen, Kanéngercher)

 

  • Informatiounsstänn ronderëm d’Landwirtschaft (Mëllech, Fleesch, Geméis, Uebst , Wäin)

 

  • Show-cooking: Lëtzebuerger Menüen, gekacht vu Politiker

 

  • Fir di Kleng: Ateliere ronderëm d’Landwirtschaft, Sprangschlass & Pedalo-Trakteren

 

  • Maart mat regionale Lëtzebuerger Produkter (Fleesch, Kéis, Geméis, Drëppen, etc.)

 

Samschdes, den 2. Abrëll 2022

11:00 Auer: Offiziell Ouverture vum Bauerenhaff an der Stad
14:00 bis 17:00 Auer: Show-cooking am groussen Zelt
15:00 Auer: Sträiche vun de Mëllechkéi
15:30 Auer: Concert

Sonndes, den 3. Abrëll 2022

10:30 Auer:  Feierlech Mass fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft an der Kathedral
11:30 bis 17:00 Auer : Show-cooking am groussen Zelt
12:30 Auer: Table ronde
15:00 Auer: Sträiche vun de Mëllechkéi
15 :30 Auer : Concert

 

Menü : Gulaschzopp vum Lëtzebuerger Limousin a vill weider Lëtzebuerger Produkter

 

LLJ | Comments Off on Programm 2022