Auteur-Archiv: Mylène Schrenger

Jongbauerendag 2025

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag den 23. November 2025 an den LTA zu Gilsdref.

No der Begréissung vun allen Uwiesenden duerch den Nationalpresident Charel Ferring, riicht de Generalvikar Patrick Muller säi Grousswuert un de Public. Duerno droen d’Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik vun der LLJ, en agrarpolitesche Sketch mat uschléissender Stellungnam vir.

Uschléissend ass eng Diskussiounsronn mat Vertrieder aus der Agrarkommissioun vun der Chamber zum Thema vum Owend: “Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft a Perspektive vun de jonke Baueren”. Vertruede sinn den Här Boonen, den Här Emering, d’Madamm Welfring, den Här Polidori an den Här Lemaire.

 Zum Ofschloss kritt d’Madamm Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, d’Schlusswuert.

Ofschléissend un dës traditionell Manifestatioun invitéiert d’LLJ Iech op en Éierewäin.

Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.

 

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2025

LLJ sicht Verstärkung!

✨Mir sichen dech 🫵 ‼️

Du sichs en neie Challenge? Du bass motivéiert an engagéiert, du schaffs gären am Grupp, spruddels vun Iddien a brenns fir deng Aarbecht?

Da bass de bei eis genee richteg! Mir sichen Ënnerstëtzung fir eise Büro!

Mell dech gären mat denger vollständeger Kandidatur bei eis, spéitstens awer bis den 10. November. Mir freeën eis dech kennen ze léieren 🥳

Weider Detailer an der Annonce 👇

LLJ | Comments Off on LLJ sicht Verstärkung!

LLJ.News 03/2025

Déi nei Editioun vum LLJ.News (03/2025) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi deemnächst ustinn:

An dëser Editioun gi mir op follgend Themen an:

  • Ee klenge Réckbléck an d’Vergaangenheet mat Artikelen iwwert den Trounwiessel am Oktober, der Foire Agricole zu Ettelbréck an dem Landjugenddag vun der Landjugend Zenter
  • Eis nei Presidenten hunn sech virgestallt, liest flotten Interviewe vum Jil a vum Sam

 

Des Weideren:

  • Déi 14. Landjugend-Power-Aktioun stoung un
  • Vun eiser ONG: en Artikel iwwert de Projet „Fërderung vun enger nohalteger a widderstandsfäeger Landwirtschaft am Burkina Faso“.
  • Déi generéis Ënnerstëtzung, déi et eiser ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service coopération asbl erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren.
  • An engem gutt gefëllten Agenda fir de Schluss vum Joer a scho mol ee klengen Ausbléck op dat kommend Joer!
Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir eis gäre per Mail um info@jongbaueren.lu kontaktéieren!
LLJ | Comments Off on LLJ.News 03/2025

Landjugend-Power-Aktioun

Galerie mat 28 Fotoen.

Getrei dem Motto “Mir schaffe 36 Stonne fir Iech“, stoung de Weekend vum 4. a 5. Oktober nees eis Landjugend-Power-Aktioun um Programm. Queesch uechtert d’Land waren eis siwe regional Landjugendgruppe fir eng 14. Kéier an deene verschiddenste Gemengen ënnerwee an … Weider liesen

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Landjugend-Power-Aktioun

LLJ.News 02/2025

Déi nei Editioun vum LLJ.News (02/2025) an digitaler Form ass fäerdeg! 🥳
Eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionale LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, kruten dës Zeitung Ufank der Woch per Mail zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d’Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv, déi demnächst ustinn.
Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir eis gäre per Mail um info@jongbaueren.lu kontaktéieren!
LLJ | Comments Off on LLJ.News 02/2025

1. Vëlkerball-Tournoi

Galerie mat 13 Fotoen.

Sportlech ass et dëse Weekend viru gaangen, dat mam éischte Vëlkerball-Tournoi vun der LLJ! 10 Ekippe sinn zu Miedernach an der Sportshal géinteneen ugetrueden an hunn sech näischt geschenkt. Zum Schluss konnt d’Landjugend Süden d’Final fir sech entscheeden an de … Weider liesen

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on 1. Vëlkerball-Tournoi

Generalversammlung 2025

Galerie mat 20 Fotoen.

E Freideg 4. Abrëll si mir an de Weekend gestart mat eiser nationaler Generalversammlung wou mir ee spannend Joer 2024 Revue passéiere gelooss hunn! Vill Mercie goufen ausgedeelt, awer och puer méi spezieller: Dem Pierre Laugs ee grousse Merci fir … Weider liesen

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Generalversammlung 2025

Réckbléck Jongbauerendag 2024

Galerie mat 36 Fotoen.

E Sonndeg de 24. November 2024 huet d’LLJ op hiren traditionelle Jongbauerendag an den LTA op Gilsdref invitéiert. Nieft engem flotte Virtrag vun der Prof. Dr. Denise Fischer-Kreer, konnte mir an dësem Joer eng Stellungnam a Form vun engem klengen … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck Jongbauerendag 2024