LLJ-Buff

 

 

 

 

 

 

Och an Zäite vun der COVID-19-Pandemie si mir fir eis Memberen do. Sou fannen eis Memberen an dësen Deeg e Buff vun der LLJ an hirer Bréifkëscht fir sech an hir Matmënschen ze schützen. Merci ënner anerem dem Jessy Hoffmann vun der Landjugend Maacher fir d’Verdeele vun de Buffen.

Bleift alleguer gesond

 

LLJ | Comments Off on LLJ-Buff

LLJ.News 2/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Juni 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • Eis Aktiounen, déi d‘Solidaritéit mat deenen, déi wärend der Covid-19-Pandemie fir äis all am Asaz waren/sinn, ënner Beweis stellen
  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2020 – 2021 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Furen, iwwer d’Zesummesetzung vum neie Comité an iwwer d’Aktivitéite vum lokale Grupp
  • de Mike Meyer, Chargé vum Service d’information pour jeunes (SIJ) vun der LLJ, stellt sech vir

 

Weider liesen

LLJ | Comments Off on LLJ.News 2/2020

D’LLJ seet Merci

Och mir wëlle jiddwerengem Merci soen fir déi grouss Solidaritéit an den onermiddlechen Asaz an dësen aussergewéinlechen Zäiten. Merci dem Marc Schiltz fir d’Ëmsetzung vun dëser flotter Iddi. (Fotoen: Pit Biel)

LLJ | Comments Off on D’LLJ seet Merci

Videokonferenz vum Nationalcomité

Och an Zäite vun der COVID-19-Pandemie gëtt bei der LLJ weider fläisseg geschafft. Sou hate mir haut den Owend eis éischt Versammlung vum Nationalcomité iwwer Zoom

LLJ | Comments Off on Videokonferenz vum Nationalcomité

E Réckbléck vum Philippe Mitsch op e flotte Moment am Liewe vun eiser ONG

An där aktueller Kris ergëtt sech mat dësem Video d’Geleeënheet, fir op en interessante Moment aus dem Liewe vun eiser ONG zréckzeblécken.

Mir soen dem Realisateur vum Video, dem Philippe Mitsch, e grousse MERCI, fir dës flott Impressioune vun där sougenannter „Visite de coopération“, déi vum 26. August bis 3. September 2016, fir 10 Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ organiséiert gi war. Si haten domat d’Geleeënheet, fir sech – ënner anerem – e konkret Bild iwwer d’Ëmsetzung vun engem Kooperatiounsprojet ze maachen.

An dësem Fall stoung de Projet « Construction et équipement d’une maternité au Centre de santé Sainte Marie à Soa, Cameroun » am Fokus, dee sengerzäit vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère matfinanzéiert ginn ass (75%).

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on E Réckbléck vum Philippe Mitsch op e flotte Moment am Liewe vun eiser ONG

Appui apporté à différentes écoles primaires de la commune de Gomponsom

Nouvelles de l’action au développement de notre ONG:

Dans le cadre de la réalisation du complexe scolaire de Zambélé (2015-2020) qui réunit sur son site les niveaux préscolaire, primaire et secondaire (collège et lycée d’enseignement général), il est également prévu d’appuyer d’autres écoles primaires de la commune de Gomponsom afin d’améliorer leurs conditions d’apprentissage et de soutenir les élèves dans l’achèvement du niveau primaire et l’accès au post-primaire.

Après l’école de Dana à 3 km de Zambélé (300 élèves environ) qui a été meublée en 2017, ce sont les écoles primaires de Zougoungou à 8 km (450 élèves environ) et de Ouonon à 11 km (350 élèves environ) qui viennent de recevoir leur mobilier scolaire, en présence de l’inspecteur d’académie et de Madame le préfet de Gomponsom.

Jacqueline Monville
Chargée de projets

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Appui apporté à différentes écoles primaires de la commune de Gomponsom