En neien duebelsäitege Patchwork-Fändel!

Eng konzentréiert Kënschtlerin bei hire Skizzen

Gitt och Dir Giedel oder Pätter vum neie Fändel vun eisen Associatiounen

Nodeems, datt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) an d’ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. sech en neie Logo zougeluecht hunn, ass et elo un der Zäit fir en neie Verbandsfändel!

D’Anniversairë (90 Joer LLJ / 60 Joer ONG) bidden sech un, fir dëse Projet ze realiséieren. Zënter deem leschte Joer schafft deemno en Aarbechtsgrupp – begleet vun der Mme Arlette Kieffer – un engem Entworf, dee vum Oni’s Workshop vu Veianen ëmgesat gëtt.

Viraussiichtlech gëtt de Fändel um Jongbauerendag 2019 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck presentéiert a geseent.

Fir dëse Projet ze konkretiséieren, ziele mir op Är geschätzten Ënnerstëtzung!

Mat der Iwwerweisung vun engem Minimum vun 250 € op ee vun deenen hei vermierkte Konten, kënnt och Dir Pätter oder Giedel (Eenzelpersoun oder Grupp) vum neie Fändel vun der LLJ ginn:

CCPL: LU12 1111 0040 0831 0000 (BIC: CCPLLULL)
CCRA: LU87 0090 0000 3705 3600 (BIC: CCRALULL)

Mir soen allen, déi dëse Projet ënnerstëtzen, am Viraus e ganz grousse MERCI!


LLJ | Comments Off on En neien duebelsäitege Patchwork-Fändel!

Wonnerbare Gest vun de Jeunes Mamans vu Miersch

Foto: Charel Reiser

E Freideg, den 1. Februar 2019 hunn d’Jeunes Mamans vu Miersch op eng net alldeeglech Scheckiwwerreechung an d’Veräinshaus op Miersch agelueden. D‘Madame Sylvie Hames, Presidentin vun de Jeunes Mamans vu Miersch, huet do ëmmerhin d’Vertrieder vu fënnef verschiddenen Hëllefsorganisatioune begréisst, déi am In- a wäiten Ausland an ënnerschiddleche Beräicher fir eis Matmënschen täteg sinn.

Ageluede waren d’Associatiounen Action pour un Monde Uni, Dysphasie.lu, Schrëtt fir Schrëtt, Wonschkutsch a Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération, déi jeeweils e Scheck am Wäert vu 4.000 € vun deene sympatheschen an äusserst aktiven Dammen iwwerreecht kruten. Déi erstaunlech Zomm hunn si bei Geleeënheet vun hiren traditionelle Second-Hand-Mäert erwirtschaft, déi si zënter laange Joren am Interessi vun der gudder Saach organiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun eiser ONG soe mir der Madame Hames an hirer Equipe e ganz grousse MERCI fir dëse wonnerbare Gest.

Nächst Second-Hand-Mäert vun de Jeunes Mamans Mersch: de 7., 8. an 9. Mäerz 2019 am Hall Irbicht zu Biereng/Miersch.

Mat gudde Kleeder, déi Dir weiderreeche wëllt, kënnt Dir d’Damme bei hiren Aktiounen ënnerstëtzen. Fir weider Informatiounen: snos@pt.lu. 


LLJ | Comments Off on Wonnerbare Gest vun de Jeunes Mamans vu Miersch

Generalversammlungen 2019

Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun de Generalversammlungen 2019, deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi eenzel Datumer festgeluecht sinn :

  • vun de regionalen LLJ-Gruppen,
  • vun den LLJ-Aarbechtsgruppen,
  • vun der nationaler A.s.b.l. “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren”,
  • vun der ONG-D

Associatiounen / GruppenDatum Uertschaft / Plaz
Regional LLJ-Gruppen
LLJ Cliärref23.03.2018"Am Sall" zu Eeselbuer
LLJ Dikrich08.03.2019Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
LLJ Furen02.02.2019"Am Bau" zu Furen
LLJ Maacher16.02.2019"Auberge du Village" zu Dickweiler
LLJ Süden08.03.2019Hal "Union des Bons Amis" zu Diddeleng
LLJ Uewersauer11.01.2019Am Sall zu Donckels
LLJ Zenter08.02.2019An der "Sëllerstuff" zu Sëll
LLJ-Aarbechtsgruppen
Grupp Zuucht04.01.2019Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
Fleeschranner-Jongziichter
National Associatiounen
LLJ a.s.b.l.24.05.2019Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LLJ - Service Coopération a.s.b.l.26.03.2019Maison d’accueil des Srs. Franciscaines
50, av. Gaston Diderich
Lëtzebuerg

D’Generalversammlungen (AG) ginn am Prinzip um 20:00 Auer ofgehalen. Déi eenzel Associatiounen deelen déi genau Auerzäit awer an hieren offiziellen Invitatioune mat, déi am Virfeld vun deene respektiven AG-en un hir Membere verschéckt ginn.


LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Generalversammlungen 2019

60. Anniversaire vun der ONG

1959 – 2019

Bei Geleeënheet vum 60. Anniversaire (2019) vun der ONG weise mir op folgend Manifestatiounen hin, déi am Laf vum Joer ustinn:

  1. Expo-Stand um Bauerenhaff an der Stad, de 6. a 7. Abrëll 2019 bei der Gëlle Fra (Place de la Constitution), Lëtzebuerg-Stad
  2. Expo-Stand um 45. Landjugenddag, den 30. Mee 2019
  3. Expo-Stand op der Foire Agricole, vum 5. bis 7. Juli 2019 an den Däichwisen zu Ettelbréck: Virstellung vun de Kooperatiounsprojeten, déi d’ONG an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso realiséiert; Gespréichsronn mat Bauerevertrieder aus dem Burkina Faso; Kanneratelieren; Afrikanesch Museker an Danz, …
  4. Dag vun der Kooperatioun, e Sonndeg, de 6. Oktober 2019 am Hall Polyvalent zu Clierf, organiséiert vun der LLJ Cliärref a.s.b.l.
  5. Soirée am Kader vum 60. Anniversaire, e Samschdeg, de 26. Oktober 2019, An Haffen, 13, rue des Trois Cantons, L-3980 Wickreng

Déi weider Detailer zu deene respektive Manifestatioune ginn am Virfeld hei um Site an op Facebook publizéiert.


LLJ – Service Coopération | Comments Off on 60. Anniversaire vun der ONG

Gratulatioune fir den 80. Gebuertsdag vum fréieren Nationalaumônier Léon Kirsch

Haut (20/11/2018), am spéide Moien, hunn d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch a Marc Roeder zesumme mam Romain Richer, President vun der ONG „LLJ – Service Coopération“, de Chanoine Léon Kirsch, fréieren Nationalaumônier vun eiser Associatioun, besicht, fir him nodréiglech – am Numm vum Nationalcomité, resp. vum Verwaltungsrot vun der ONG – fir säin 80. Gebuertsdag ze gratuléieren.

Wärend dësem sympatheschen Treffen ass den Här Kirsch mat senger gewinnter sprëtzeger an erfrëschender Manéier – ënner anerem – op den 90. Anniversaire vun der Associatioun agaangen, dee bekanntlech den 10. November an der Däichhal zu Ettelbréck a Präsenz vu villen Invitéeë gefeiert konnt ginn. An deem Kontext ass hien, wéi och scho wärend der Talkronn op der Bühn an der Däichhal, op verschidde markant Evenementer aus deene vergaangenen Zäite vun eiser Jugendorganisatioun agaangen.

Mir wënschen dem Här Kirsch vun Häerzen nach vill schéi Jore bei gudder Gesondheet. Desweidere wënsche mir him, datt hien deen Humor behält, deen him eegen ass.

Foto: François Glodt

 

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Gratulatioune fir den 80. Gebuertsdag vum fréieren Nationalaumônier Léon Kirsch

Dag vun der Kooperatioun 2018

Galerie mat 97 Fotoen.

Impressioune vun engem sympatheschen Dag zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.”, deen e Sonndeg, den 18. November 2018 vun der Landjugend Zenter zu Rammerich organiséiert ginn ass. Der Equipe ronderëm de … Weider liesen

Fotoen | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun 2018

Jongbauerendag 2018

Galerie mat 97 Fotoen.

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn e Sonndeg, den 18. November 2018 op hiren dësjärege Jongbauerendag   zum Thema Öffentlichkeitsarbeit – trotz Reizthemen, cool bleiben invitéiert. Referentin: Claudia JENNEWEIN Programm vum Owend Agrarpolitesch Stellungnam, virgedroe vum Luc EMERING a Pol WAGNER   … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2018