Sich-Resultater fir: foire agricole

Groussen Engagement op der Foire Agricole 2018

Galerie mat 46 Fotoen.

Impressioune vum groussen Engagement vun de Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ um 1. Dag vun der Foire Agricole (29/06/2018) an den Däichwisen zu Ettelbréck: Accueil vun de bal 200 Schoulklassen (iwwer 3.000 Kanner a Jugendlecher, Féierunge vun de … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Groussen Engagement op der Foire Agricole 2018

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 29. Juni 2018

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 9e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

 

e Freideg, den 29. Juni 2018 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen:

Workshops für Schulklassen (aktualiséierte PDF vum 5. Juni 2018, 16:00 Auer, mat zwee weidere Workshops: Nr. 22 – Rugby for kids, Nr. 49 – Sombänner selwer bastelen).

 

Zur Informatioun: Fir d’Schüler vum Secondaire général/classique sinn nach eng ganz Rei interessant Atelieren disponibel. Et lount sech deemno fir d’Léierpersonal fir e Bléck op d’Offer ze werfen:

Workshop   9: Die Kaskadenfunktion des Waldes
Workshop 25: Luxemburg und seine Wälder (Einheimische Pflanzen)
Workshop 26: Luxemburg und seine Wälder (Einheimische Tiere)
Workshop 27: D’Welt aus der Siicht vun eelere Leit erliewen (Simulatiounsparcours)
Workshop 31: Mystery flavors
Workshop 32: Magic Cup Cakes
Workshop 33: Time 2 Taste
Workshop 46: Lët’z talk about Rëndfleesch

 

WICHTEG: Fir d’Online-Reservatioune vun den Ateliere virhuelen ze kënnen, muss e Login vum Léierpersonal ugefrot ginn.

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwunge méi vum 22. Juni 2018 un (no 08:00 Auer) ugeholl ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

LLJ | Kommentar hannerloossen

Bedeelegung un der Foire Agricole zu Ettelbréck

Datum: 29. Juni 2018
Auerzäit: 09:00
Zu: Ettelbréck
Organisatioun: LLJ
Kontakt: 44743 - 252

Wéi all Joer wäerten d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. och 2018 (vum 29. Juni bis 1. Juli) op ville Niveauen fir d’Visiteure vun der Foire Agricole vun Ettelbréck am Asaz sinn, sief dat bei den Aschreiwungen an de Visites guidées (29/06/18) vun de Schoulklassen, de Véiziichter-Concoursen vun den Aarbechtsgruppen “Zuucht” a “Fleeschranner-Jongziichter”, dem eegene Gedrénks- an Iessstand, …

 

FacebookTwitter
LLJ, LLJ - Fleeschranner Jongziichter, LLJ - Grupp Zuucht | Comments Off on Bedeelegung un der Foire Agricole zu Ettelbréck

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 30. Juni 2017

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 9e vum Enseignement secondaire technique
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

 

e Freideg, den 30. Juni 2017 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen:

Workhops für Schulklassen
Invitatioun fir d’Léierpersonal

D’Reservatioune vun den Ateliere kënnen nach just online gemaach ginn. WICHTEG: D’Enseignantë mussen am Virfeld vun de Reservatiounen e Benotzerkont ariichten (Pré-inscription).

Message vum 20. Juni 2017 un d’Enseignanten:

Haut ass ee weideren interessanten Atelier vu MeteoLux derbäi gesat ginn. Dir fannt d’Beschreiwung dozou ënner der Nummer 53 an der Oplëschtung vun de “Workhops für Schulklassen“. Et sinn dësweideren nach eng ganz Rei Atelieren disponibel. Dir kënnt déi nach bis de 26. Juni 2017 reservéieren.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Bedeelegung un der Foire Agricole 2017

Datum: 30. Juni 2017
Auerzäit: 08:00
Zu: Ettelbréck
Organisatioun: FAE
Kontakt: 44743 - 252

Wéi all Joer, sinn d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) och aktiv op der nächster Editioun vun der Foire Agricole bedeelegt: Inscriptiounen a Féierunge vun de Grondschoulklassen, Expo-, Gedrénks an Iessstänn, Concoursen, …

Méi Informatiounen zum Engagement vun der LLJ op der FAE 2017 ginn am Virfeld vum Event hei publizéiert.

 

FacebookTwitter
LLJ | Comments Off on Bedeelegung un der Foire Agricole 2017

Foire Agricole

D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren sinn all Joer nees staark op der Foire Agricole vun Ettelbréck (FAE) engagéiert a sinn – ënner anerem – fir den Accueil vun de Grondschoulkanner a fir d’Féierunge vun de Schoulklassen iwwer de Site vun der FAE zoustänneg.

Dësweidere suergen si um Iess- a Gedrénksstand vun der LLJ während deenen dräi Deeg vun der FAE fir d’Wuel vun de Visiteuren.

Impressiounen aus deene leschte Jore vum staarken Asaz op der FAE vun de Membere vun der LLJ

 

Comments Off on Foire Agricole