De Landjugendkalenner 2016 ass disponibel a kann iwwer dëse Formulaire bestallt ginn.
E läit an der Zentral vun eise Verbänn vir a gëtt no der Bestellung / Iwwerweisung an deene beschten Delaisen un d’Interessente verschéckt.
Präis 15 €.
De Landjugendkalenner 2016 ass disponibel a kann iwwer dëse Formulaire bestallt ginn.
E läit an der Zentral vun eise Verbänn vir a gëtt no der Bestellung / Iwwerweisung an deene beschten Delaisen un d’Interessente verschéckt.
Präis 15 €.
Galerie mat 122 Fotoen.
E Sonndeg, de 4. Oktober huet de regionale Landjugendgrupp Cliärref op deen dësjäregen Dag vun der Kooperatioun invitéiert. Den traditionellen Dag zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, deen 1991 vum Landjugendgrupp … Weider liesen
D’Memberassociatiounen vun der Platform géint TTIP/TAFTA ruffen op zur massiver Bedeelegung un der Manifestatioun:
fir d’Oprechterhale vun de Valeuren vun der Demokratie an de Sozial-, Ëmwelt- a Verbraucherschutzstandarden:
den 10. Oktober 2015 um 11:00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad.
Kommt maacht mat, fir datt déi säit Jorzéngten erkämpften Acquisen net verwässert ginn: Detailer zu der Manifestatioun
D’Landjugend Zenter huet e Sonndeg, den 30. August 2015 op déi 11. Editioun vum Internationale Mähdreschercross op Rammerech agelueden.
Deen Interesséierten fënnt hei de PDF vun de Klassementer. Weider Informatiounen ënner www.ljzenter.lu.
Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.
Bekanntlech hunn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an de Service Jeunesse vun der Centrale Paysanne hir europäesch Kollegen vum 1. bis 3. Juli 2015 op Lëtzebuerg op e CEJA-Seminar zum Thema “Empowering young farmers – A pillar of Europe 2050” agelueden.
Deen Interesséierte fënnt hei eng Rei Reaktiounen zum Treffe vun de Vertrieder vun den europäische Jongbauerenorganisatiounen, déi an der Lëtzebuerger Press ze fanne waren:
Luxemburger Wort (9. Juni 2015): Hinterm Horizont geht’s weiter
Revue (27/2015): Wo steuert die Landwirtschaft hin?
RTL – Emissioun (7. Juli 2015): Den Invité vun der Redaktioun (Jeff Boonen)
Allianz (9. Juli 2015): CEJA-Seminar in Ettelbrück war ein voller Erfolg
Lëtzebuerger Bauer (10. Juli 2015): Europäische Junglandwirte zu Gast in Luxemburg
Lëtzebuerger Bauer (31. Juli 2015): CEJA-Konferenz in Luxemburg