Duerf 4/2013

Duerf 4-2013Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen

Médaille du mérite vun der Kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg fir den Här Antoine Mailliet

Galerie mat 25 Fotoen.

A Vertriedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.“ dem Här Antoine Mailliet, den 9. Abrëll 2013 zu Rulljen, d’Médaille du mérite de l’Eglise Catholique du … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

Huesebal

HuesebalD’Landjugend Maacher huet den 30. Mäerz 2013 op hiren Huesebal op Ouljen invitéiert.

Gewënner vun der Tombola:

1. Präis: Nr 240
2. Präis: Nr 16
3. Präis: Nr 287

D’Gewënner sollen sech mat der Gruppesekretärin Tanja Krischler iwwer Tel. 691 679 936 a Verbindung setzen.

LLJ Maacher | Kommentar hannerloossen

Invitatiounen am Kader vun den Ëmweltwochen

imagesCAXN9DFUAm Kader vun den Ëmweltwochen, invitéieren den OekoZenter Pafendall, den LTA, d’Associatioun Dairyman an d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer op d’Visite vum Mëllechvéibetrib an der betribseegener Molkerei vun der Famill Thiry vu Schuller, e Samschdeg, de 27. Abrëll 2013. Thema: “Vom Gras ins Glas – Wie kommt unsere Milch in die Flasche“.

D’Thema Das Leben im Boden und im Kompost gëtt e Samschdeg, den 11. Mee 2013 an der Biogärtnerei Thessy Klein am Ellerwee zu Biekerech behandelt. Organisator:  Ekologesch Landwirtschaftberodung vum OekoZenter Pafendall, Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Den LJB&JW-President Jeff Boonen an der RTL-Emissioun Background

RTL- 06-04-2013E Samschdeg, de 6. Abrëll 2013, war – niewent den Häre Léon Wietor, Direkter vun der ASTA, an Aly Leonardy, Vize-President vun der Chambre d’Agriculture – de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, vun 12:00 – 13:00 Auer, live an der RTL-Emissioun Background ze héieren. Mam RTL-Reporter Roy Grotz sinn – ënner anerem – folgend agrarspezifisch Themen ugeschwat ginn: Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen