28. Juli 2012
Den 8. – 9. September 2012:
Fir d’Landjugendgruppen Dikkrich, Furen, Maacher, Süden, Uewersauer, Zenter
De 15. – 16. September 2012:
Fir d’Landjugendgrupp Cliärref
36 Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet
Zënter 2000 an am Rhythmus vun 2 Joer engagéieren sech déi 7 regional Landjugendgruppen vun der Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l. (LLJ-Cliärref, LLJ-Dikkrich, LLJ-Furen, LLJ-Maacher, LLJ-Süden, LLJ-Uewersauer, LLJ-Zenter) op benevoler Basis, fir e Projet am Intressi vun der Allgemengheet ze realiséieren.
D’Grondiddi ass vum Bund der Deutschen Landjugend (BDL) iwwerholl ginn an un déi lëtzebuergesch Realitéiten ugepasst ginn. Si soll d’Fäegkeeten, den Dynamismus an d’Bereetschaft vun eiser Jugend, fir sech fir eng nëtzlech Saach anzesetzen, ervirhiewen. Weider liesen →