AgriTechnica 2011

Mir fuere vum Sonndeg, 13. November bis e Méindeg, 14. November 2011 während den Händlerdeeg op d’AGRI TECHNICA op Hannover.

De Präis ass 315,00 €. Am Präis matabegraff sinn: de Bus, de Kaffi um Wee op Hannover, en Duebelzëmmer mat Hallefpensioun, den Entrée fir d’Ausstellung, an en Owesiessen um Heemwee. Fir en Eenzelzëmmer muss een e Supplément vun 70,00 € dobäi rechnen. Weider liesen

LLJ | Comments Off on AgriTechnica 2011

Felicitatioune fir deen neien Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger Landjugend an d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer felicitéieren dem Mgr Jean-Claude Hollerich s.j. zu sénger Nominatioun als neien Äerzbëschof vu Lëtzebuerg. Seng Bëschofswei ass e Sonndeg, de 16. Oktober 2011 um 15:00 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg.

LLJ | Comments Off on Felicitatioune fir deen neien Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Jonggesellestee 2011

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Uewersauer invitéiert op hir sprëtzeg Jonggesellestee

e Samschdeg, den 22. Oktober 2011 zu Näertrech (Woolz)

Info an Umeldung um Tel. 691 472 872 an ënner www.lj-uewersauer.com

LLJ Uewersauer | Comments Off on Jonggesellestee 2011

Duerf 9/2011

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 am Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

D’Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 – 252 oder iwwer E-mail: landju@pt.lu. Joresabonnement: 12,00 €

Downloads | Comments Off on Duerf 9/2011

Gewënner vun der Tombola vum Mähdreschercross 2011

1. Präis: No 0759
2. Präis:
No 3171
3. Präis: No 0147

4. Präis: No 1909; 5. Präis: No 2285; 6. Präis: No 4349; 7. Präis: No 3715; 8. Präis: No 4913; 9. Präis: No 2825; 10. Präis: No 1392

D’Gewënner sollen sech bis den 1. November 2011 bei der Gruppen-Trésorière Tessy Ruppert um Tel. 691 661 590 mellen – resp. hir den Ticket mat de Coordonnéeën (Numm, Virnumm, Adress, Telefonsnummer) schécken:

Tessy Ruppert – 15b, rue Principale – L-8540 Ospern

LLJ Zenter | Comments Off on Gewënner vun der Tombola vum Mähdreschercross 2011

Réckbléck op de Concours du Meilleur Juge 2011

Galerie mat 40 Fotoen.

De Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer huet den 3. September 2011 op den 29. Concours du Meilleur Juge invitéiert, deen um landwirtschaftleche Betrib Marc VAESSEN-BASTIN zu Weller organiséiert gouf. Der Famill Vaessen-Bastin soe mir villmols Merci, datt si … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ - Grupp Zuucht | Comments Off on Réckbléck op de Concours du Meilleur Juge 2011

Réckbléck op de Mähdreschercross 2011

D’Fotoe vum grousse Spektakel, deen e Sonndeg, den 28. August 2011 nees dausende Leit op Rammerech gefouert huet, fënnt deen Intresséierten ënner mywort.

D’Klassementer an deene respektive Kategorien vum Rennen kënnen an dësem Listing consultéiert ginn: Mähdreschercross 2011 – Ranglistenplätze.

Den Artikel vum Claude Schomer aus dem Lëtzebuerger Wort vum 30. August kann hei erofgeluede ginn: Heiße Reifen in Rambrouch.

Den RTL-Reportage aus dem Journal vum 28. August 2011 ass verfügbar ënner rtl.lu (08:00 -10:55 Min).

LLJ Zenter | Comments Off on Réckbléck op de Mähdreschercross 2011