Auteur-Archiv: Chantal

D’LLJ ënnerstëtzt d’Stëmm vun der Strooss

 

Déi Liewensmëttel, déi am Kader vun eiser Aktioun mat de regionale Produiten op der dësjäreger virtueller Foire Agricole iwwreg bliwwe sinn, hu mir haut de Moien de Responsabele vun der Stëmm vun der Strooss iwwerreecht

LLJ | Comments Off on D’LLJ ënnerstëtzt d’Stëmm vun der Strooss

D’LLJ Cliärref an der RTL-Emissioun “Vakanz Doheem”

 

Gëschter Owend huet de Bob Glod, Präsident vun der LLJ Cliärref an der RTL-Emissioun “Vakanz doheem” en interessanten Abléck an d’Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend, wéi och vun der ONG ginn. De kompletten Interview fannt Dir ënner ab der Minutt 16 ënner dem Link:

https://www.rtl.lu/tele/vakanz-doheem/a/1556616.html

 

LLJ | Comments Off on D’LLJ Cliärref an der RTL-Emissioun “Vakanz Doheem”

Baueremass an der Ettelbrécker Kierch

Galerie mat 8 Fotoen.

Am Kader vun der Foire Agricole war gëschter Moien zu Ettelbréck eng Baueremass mat eisem Nationalumônier Romain Richer an dem Weibëschof Mgr Leo Wagener fir all d’Membere vun der LLJ, eis Ancienen an all Frënn vun der Landwirtschaft

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Baueremass an der Ettelbrécker Kierch

Foire Agricole 2020

Galerie mat 16 Fotoen.

Am Kader vun der digitaler Foire Agricole hunn d’Membere vun der LLJ haut de Leit e Picknick-Kuerf, eng Grillkëscht oder de Menu de Lux op 7 verschiddenen Take-Away-Plazen verkaf, respektiv un d’Leit ausgeliwwert. Mir soen alle Leit Merci fir hir … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Foire Agricole 2020

Ausverkaaft!!

Mir sinn ausverkaaft!! Mir soen all deene Leit Merci, déi sech bei äis e Picknick-Kuerf, eng Grillkëscht oder de Menu de Lux bestallt hunn.

Dir kënnt Är Commande dëse Samschdeg, 4. Juli vun 9:00 bis 18:00 Auer op déi gewielte Plaz siche kommen, respektiv kritt se bequem vun eise Memberen heem geliwwert

LLJ | Comments Off on Ausverkaaft!!

Generalversammlung 2020

Galerie mat 15 Fotoen.

Ënner dem Anhale vun den aktuelle Covid-19-Restriktiounen hat d’LLJ seng Membere de leschte Freideg, 26. Juni 2020 op seng uerdentlech Generalversammlung agelueden. Opgrond vun der Covid-19-Pandemie ass d’AG net wéi gewinnt am Festsall vum LTA, mee dës Kéier an der … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Generalversammlung 2020

Regional Produite genéissen

Am Kader vun der digitaler Foire Agricole Ettelbruck, huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) a.s.b.l. sech zesumme mat de Partner vun der FAE eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Mir bidden Iech 3 verschidde Kierf mat lokale Produiten un!

Weider Detailler fannt Dir hei

 

 

 

 

Picknick-Kuerf fir 2 bis 4 Persounen (Präis: 55€)

 

 

Grillkëscht fir 6 Persounen (Präis: 110€)

 

 

Menü de Lux fir 2 Perrsounen (Präis: 95€)

 

LLJ | Comments Off on Regional Produite genéissen

LLJ-Buff

 

 

 

 

 

 

Och an Zäite vun der COVID-19-Pandemie si mir fir eis Memberen do. Sou fannen eis Memberen an dësen Deeg e Buff vun der LLJ an hirer Bréifkëscht fir sech an hir Matmënschen ze schützen. Merci ënner anerem dem Jessy Hoffmann vun der Landjugend Maacher fir d’Verdeele vun de Buffen.

Bleift alleguer gesond

 

LLJ | Comments Off on LLJ-Buff

LLJ.News 2/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Juni 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • Eis Aktiounen, déi d‘Solidaritéit mat deenen, déi wärend der Covid-19-Pandemie fir äis all am Asaz waren/sinn, ënner Beweis stellen
  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2020 – 2021 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Furen, iwwer d’Zesummesetzung vum neie Comité an iwwer d’Aktivitéite vum lokale Grupp
  • de Mike Meyer, Chargé vum Service d’information pour jeunes (SIJ) vun der LLJ, stellt sech vir

 

Weider liesen

LLJ | Comments Off on LLJ.News 2/2020