Auteur-Archiv: Chantal

Foire Agricole 2021

This gallery contains 1 photo.

E klenge Réckbléck op d’Editioun 2021 vun der Foire Agricole zu Ettelbréck (Fotoen: Mike Meyer).

Fotoen, LLJ | Comments Off on Foire Agricole 2021

Lët’z Grill am Kader vun der Foire Agricole 2021

Am Kader vun der Foire Agricole 2021 bitt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) Iech dëst Joer Lët’z Grill-Tute mat regionale Produite fir op de Grill fir 2 oder 6 Persounen

  • Lët’z Grill-Tut fir 2 Persounen zum Präis vu 65€
  • Lët’z Grill-Tut fir 6 Persounen zum Präis vun 105€

 

Maacht Iech bäi a reservéiert bis de 4. Juli 2021 Är Grilltut fir den 10. Juli ënner info@jongbaueren.lu oder iwwer Telefon 44743-252.

Dir kënnt Är Commande e Samschdeg, den 10. Juli vun 10:00 bis 17:00 Auer op engem vun eise 7 Take Away-Plaze ofhuelen:

  • Clierf: Hal Polyvalent (22, route d’Eselborn L-9706 Clervaux)
  • Ettelbréck: Däichhal (3, rue du Deich L-9012 Ettelbruck)
  • Jonglënster: Centre Polyvalent Gaston Stein (1, rue Emile Nilles L-6131 Junglinster)
  • Lëtzebuerg: Place Hamilius (bis 14:00 Auer)
  • Rammerech: Centre Culturel Rambrouch (8, rue du Nord L-8806 Rambrouch)
  • Schumann’s Eck: um Parking
  • Sprénkeng: Dudel-Magie S.à.r.l. (Rue de la croix L-4998 Sprinkange)
LLJ | Comments Off on Lët’z Grill am Kader vun der Foire Agricole 2021

LLJ.News 2/2021

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/2021) an digitaler Form kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Juni 2021 per Mail zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2021 – 2022 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Furen, iwwer hir aktuell Aktivitéiten
  • en Artikel zu der Petitioun 1843 vun der LLJ am Sënn vum Déierewuel

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • d’Aktioun „Fro de Bauer“ (vum Lisa Jacqué, Responsabel fir d‘Sensibilisatioun)
  • rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer en neie Kooperatiounsprojet am Burkina Faso
  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail info@jongbaueren.lu

LLJ | Comments Off on LLJ.News 2/2021

Petitioun 1843 am Sënn vum Déierewuel

Haut am Luxemburger Wort. Eis Petitioun Nr. 1843 am Sënn vum Déierewuel huet 4982 Ënnerschrëfte kritt a wäert soumat an der Chamber debattéiert ginn.

Nach eng Kéier e grousse Merci u jiddwereen, deen eis Petitioun ënnerschriwwen huet.

LLJ | Comments Off on Petitioun 1843 am Sënn vum Déierewuel

Youth World Milk Day

Den 1. Juni ass de Youth World Milk Day 🥛🐄
An dësem Video gi mir Iech e klengen Abléck an den Alldag vun engem Mëllechbetrib

LLJ | Comments Off on Youth World Milk Day

De Luc Emering als Invité vun der RTL-Redaktioun

De Luc Emering, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, war en Dënschdeg (25. Mee 2021) Invité vun der Redaktioun op RTL géint 10 op 8. Lauschtert hei d’Emissioun nach eng Kéier no.

LLJ | Comments Off on De Luc Emering als Invité vun der RTL-Redaktioun

Petitioun 1843: Merci!

Merci 🙂

D’Petitioun 1843 huet déi néideg Stëmmen erreecht fir an engem ëffentlechen Debat an der Chamber presentéiert ze ginn. E grousse Merci u Jiddereen, deen eis Petitioun ënnerschriwwen huet.

Fir all déi, déi nach net ënnerschriwwen hunn, besteet nach ëmmer d’Méiglechkeet d’Petitioun 1843 am Sënn vum Déierewuel ze ënnerschreiwen

LLJ | Comments Off on Petitioun 1843: Merci!