Auteur-Archiv: Chantal

50 Joer LLJ Zenter

Am Kader vun hirem 50. Anniversaire hat d’LLJ Zenter sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir dëse Jubiläum am Respekt mat de Covid-19-Bestëmmungen ze feieren.

LLJ, LLJ Zenter | Comments Off on 50 Joer LLJ Zenter

Jongbauerendag 2020

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) invitéieren ganz häerzlech op hiren traditionelle Jongbauerendag.

Weider Informatioune fannt Dir deemnächst hei op eiser Homepage.

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2020

Lëtzebuerger Mëttig mat der LLJ Cliärref

 

D` Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. an der Zesummenaarbecht mat dem Café Restaurant “A Péitesch” invitéiert ganz häerzlech op den:

🇱🇺 “Lëtzebuerger Mëttig” 🇱🇺

Sonndeg, den 11. Oktober bei Péitesch zu Eeselbuer, um 12:00 Auer.

Mir zerwéieren Iech ee leckere Menü aus regionalen a saisonale Produkter.

Menü:
– Kürbiszopp
– Trio de Boeuf (Hamburger, Faux-Filet, Ragout) mat Gromperepüree
– Dessert

Präis 25€/Persoun

Wéinst den aktuelle Moossname sinn d’Sëtzplaze begrenzt. D`Umeldung fir d`Mëttegiessen ass bis den 8. Oktober 2020 erwënscht um:
Tel.: 691 621 976 oder per E-Mail: schlfr@hotmail.com

D`Landjugend Cliärref freet sech fir ee schéinen Dag mat Iech ze verbréngen.

 

LLJ | Comments Off on Lëtzebuerger Mëttig mat der LLJ Cliärref

LLJ.News 3/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.3/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn September 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi deemnächst ustinn:

  • En Artikel vun der LLJ-Nationalpresidentin Angèle Mersch iwwer den Asaz vun der LLJ op der éischter virtueller Foire Agricole
  • en Artikel vum regionalen LLJ-Grupp Cliärref, iwwer hir Aktivitéite virun a wärend der Corona-Zäit
  • e flotte Réckbléck op d’Theaterstéck „Alarm op der Beautyfarm“ vun der LLJ Süden
  • d’Oplëschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2020 – 2021 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, dem Landjugendgrupp Cliärref an der ONG iwwerholl hunn

 

Weider liesen

LLJ | Comments Off on LLJ.News 3/2020