Auteur-Archiv: Chantal

Message vum Nationalaumônier

Message fir d’neit Joer vum LLJ-Nationalaumônier Romain Richer

LLJ | Comments Off on Message vum Nationalaumônier

LLJ Christmas Tour

 

 

D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) wëllen alle Leit op eng speziell Manéier schéi Chrëschtdeeg wënschen. Dofir fueren si e Samschdeg, de 26. Dezember 2020 vu 16:00 Auer un, am Cortège mat hiren Trakteren, déi si fir Chrëschtdag dekoréiert hunn, laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen.

Méi Informatiounen zu den eenzelne Weeër vum Cortège vun den Trakteren fannt Dir hei:

 

D’Membere vun der LLJ wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir 2021!

LLJ | Comments Off on LLJ Christmas Tour

Jongbauerendag 2020

E Sonndeg, den 22. November 2020 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag invitéiert. Opgrond vun der Covid-19-Pandemie war dëst awer eng besonnesch Editioun, well d’Memberen a Sympathisante net wéi gewinnt am Festsall vun der Akerbauschoul konnten empfaange ginn. Si konnten déi dësjäreg Editioun iwwer eng Live-Iwwerdroung verfollegen.

Den oftriedenden Nationalpresident Marc Roeder huet d’Memberen a d’Sympathisanten häerzlech zu dëser besonnescher Editioun vum Jongbauerendag begréisst, éier hien d’Wuert u säin Nofollger Luc Emering weiderginn huet.

Den Här Äerzbëschof, S. Em., Jean-Claude Kard. Hollerich huet séngersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst an e klenge Message u si geriicht.

Den Europa-Deputéierte Christophe Hansen ass a sengem Referat ënner anerem op de Green Deal an d’Farm-2-Fork-Strategie agaangen.

De Ben Schmitgen a Pol Wagener, Membere vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik”, hunn déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, op déi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider zum Schluss vum Owend reagéiert huet.

 

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2020

Jongbauerendag 2020: E Réckbléck am Bild

This gallery contains 1 photo.

E Sonndeg, den 22. November 2020 huett d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag invitéiert. Opgrond vun der Covid-19-Pandemie war dëst awer eng besonnesch Editioun, well d’Memberen a Sympathisante net wéi gewinnt am Festsall vun der Akerbauschoul … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Jongbauerendag 2020: E Réckbléck am Bild

Jongbauerendag 2020 Update

Opgrond vun der aktueller Situatioun ass de Jongbauerendag 2020 op e spéideren Zäitpunkt verluecht.

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2020 Update