E puer Wierder vun Encouragement vun eisem Nationalaumônier Romain Richer a President vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl wärend dëser COVID-19 Pandemie:
E puer Wierder vun Encouragement vun eisem Nationalaumônier Romain Richer a President vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl wärend dëser COVID-19 Pandemie:
« Ne pas soutenir les pays les plus pauvres dans la lutte contre le Covid-19 serait à la fois cruel et déraisonnable »
Un temps préservée par la pandémie du coronavirus – le continent africain a été touché en février avec un premier cas avéré en Égypte – l’Afrique doit désormais faire face à une progression rapide de l’épidémie, comparable à celle observée en Chine et en Europe. Partout sur le continent, les autorités prennent des mesures, plus ou moins restrictives, pour éviter l’arrivée du virus dans leur pays ou freiner sa propagation. Mais nombre de ces pays ne sont pas préparés et moins bien armés que la Chine ou l’Europe pour combattre le virus. A l’ampleur des besoins nationaux, s’ajoutent les difficultés d’importation des équipements et des produits médicaux dans un contexte de forte demande et de perturbation du trafic aérien.
Le confinement n’est pas facile à mettre en œuvre dans des villes surpeuplées, pour des familles vivant dans de petits espaces ou des personnes dont la survie dépend d’un salaire journalier. Dans certaines zones, l’accès à l’eau propre, au savon ou à des soins hospitaliers est loin d’être garanti. La production et la circulation des semences et des produits agricoles posent aussi de graves problèmes en particulier dans les régions en état d’insécurité alimentaire.
Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun de Generalversammlungen 2020, deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi eenzel Datumer festgeluecht sinn :
Associatiounen / Gruppen | Datum | Uertschaft / Plaz |
---|---|---|
Regional LLJ-Gruppen | ||
LLJ Cliärref | (21.03.2020) ofgesot. Gëtt op e spéideren Datum verluecht. | "Am Sall" zu Eeselbuer |
LLJ Dikrich | 28.02.2020 | Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck |
LLJ Furen | 17.01.2020 | "Am Bau" zu Furen |
LLJ Maacher | 14.02.2020 | "Auberge du Village" zu Dickweiler |
LLJ Süden | 08.02.2020 | Hal "Union des Bons Amis" zu Diddeleng |
LLJ Uewersauer | 11.01.2020 | Am Sall zu Donckels |
LLJ Zenter | 07.02.2020 | An der "Sëllerstuff" zu Sëll |
LLJ-Aarbechtsgruppen | ||
Grupp Zuucht | 01.02.2020 | Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck |
National Associatiounen | ||
LLJ a.s.b.l. | (24.04.2020) ofgesot! Gëtt op e spéideren Zäitpunkt verluecht. | Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck |
LLJ - Service Coopération a.s.b.l. | 30.06.2020 (wann déi offiziell Virschrëften dat bis dohin erlaben) | "An Haffen" zu Wickreng |
D’Generalversammlungen (AG) ginn am Prinzip um 20:00 Auer ofgehalen. Déi eenzel Associatiounen deelen déi genau Auerzäit awer an hieren offiziellen Invitatioune mat, déi am Virfeld vun deene respektiven AG-en un hir Membere verschéckt ginn.
“Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” op Skype
Och wann eis Büroen an der Stad fir den Accueil vu Jonke bis op Weideres zou sinn an och d’Aktivitéiten, wéi zum Beispill den dësjärege Landjugenddag zu Harel net wéi geplangt stattfanne kënnen, sou si mir weiderhin iwwer E-Mail (info@jongbaueren.lu) ze erreechen.
Ausserdeem si mir och elo vu méindes bis freides vun 08:00 bis 17:00 Auer iwwer Skype fir Är Froen oder Suergen (info@jongbaueren.lu) disponibel
Bedéngt duerch déi aktuell Bestëmmungen am Zesummenhang mam COVID-19, ass de 46. Landjugenddag (21. Mee 2020) vum Organisator annuléiert ginn.
Déi Verantwortlech vun der Landjugend Uewersauer wëssen nach net wéini dëst beléift an traditionellt Treffe vun der Jugend aus dem ländleche Raum nogeholl ka ginn – sinn sech awer sécher, datt dat zu engem spéideren Zäitpunkt de Fall wäert sinn.
Dir gitt zum gegebenen Zäitpunkt op eiser Facebook-Säit an hei op eiser Homepage um Lafende gehalen!
Bleift bis dohi gesond a monter 😉
Fir eis Memberen:
Weist de Leit an dëse schwieregen Zäite vun Ausgangsaschränkungen (Confinement), datt Dir weiderhi fir si am Asaz sidd.
Post eng Foto op Facebook vun Iech bei der Aarbecht um Feld, um Trakter, am Stall,… a kopéiert dëse Sticker, fir d’Leit domat drop opmierksam ze maachen, datt Dir fir hir Liewensmëttel suergt!
Et ass eng komesch Zäit ! Mir all si gewinnt, äis reegelméisseg ze gesinn, verschidden Aktivitéiten ze organiséieren an einfach do ze sinn. Dat, wat mir awer elo erliewen ass ongewinnt, net normal an et kann engem Angscht maachen.
Ech weess net wéi et iech geet, mee am Ufank hunn ech mir gesot, majo, dann hunn ech elo Zäit fir ze raumen, ze liesen, ze raschten … mee ech mierken awer och, datt mir d’Gemeinschaft feelt ! Mee mir fannen aner Weeër, wéi mir äis begéine kënnen : Telefon, Mail, etc.
Et heescht tatsächlech vun dëser Zäit ze profitéieren, fir zur Rou ze kommen, opzeraumen, am Haus ewéi och am Liewen. Et heescht awer och – grad elo – eng Stäip ze sinn, fir aner Mënschen! Mir däerfen net a Panik verfalen, mee kommt mir kucken, wéi deen een, deen aneren ënnerstëtzen an hëllefe kann.
Op all Fall sinn ech weider fir iech do an eben iwwert Telefon (691 921 054), Mail (rricher@pt.lu), etc. erreechbar! A vläicht sinn ech och deemnächst op Facebook…
All Guddes a bis hoffentlech geschwënn bei engem grousse Fest,
Romain Richer