Galerie mat 195 Fotoen.
Loosst Iech mat dëse Fotoen iwwerzeege vum Succès vum 33. Landjugenddag, deen op Christi-Himmelfahrt, de 17. Mee 2007 vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Furen a.s.b.l. organiséiert gouf.
Galerie mat 195 Fotoen.
Loosst Iech mat dëse Fotoen iwwerzeege vum Succès vum 33. Landjugenddag, deen op Christi-Himmelfahrt, de 17. Mee 2007 vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Furen a.s.b.l. organiséiert gouf.
Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2005
virgedroen vum Nadine Albers-Turmes, Presidentin vum Grupp Zuucht vun de LJB & JW
Léif Éiregäscht, Dir Dammen an Dir Hären,
Joer fir Joer stelle mir bei der Geleeënheet vum Jongbaueren- a Jongwënzerdag, d’Siicht vun deene Jonken zu der aktueller agrarpolitescher Lag vir. Erfahrungsgemäss sinn eis Fuerderungen iwwer vill Joren hannereneen déiselwecht, ouni datt awer eppes Konkretes geschitt.
Nach ni war den Ëmbroch an der Landwirtschaft esou grouss, wéi an dësem Moment. Nach ni hunn an eiser Branche esou vill Betriber hir Diren zougemaach, obschonn – wéi a kéngem anere Sektor – Jonker do sinn, déi Loscht op dëse Beruff hunn an och déi néideg Kompetenzen matbréngen. Dat huet vill Ursaachen; zwou vun deene markantesten si mat Sëcherheet déi schlecht Akommenssituatioun an déi scho bal ausartend Bürokratie.
De Kader muss sech deemno esou séier ewéi méiglech änneren. D’Perspektiven fir déi Jonk musse kloer an transparent sinn; eng Zukunfsplanung muss mëttelfristeg nees méiglech sinn. Weider liesen