Sich-Resultater fir: landjugendkalenner

Landjugendkalenner 2018

Landjugendkalenner 2018 zum Thema “Aarbechten an der Landwirtschaft”

 

De Landjugendkalenner 2018 mat Fotoen zum Thema “Aarbechten an der Landwirtschaft” ass geschwënn disponibel a kann iwwer dëse Formulaire bestallt ginn.

No der Bestellung/Iwwerweisung kritt Dir en an deene beschten Delaie mat der Post heemgeschéckt.

Präis: 15 €

 

Fotoen: Catia Biel, Nelly Meyers, Véronique Reiff

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Landjugendkalenner 2016

Landjugendkalenner 2016 - 2De Landjugendkalenner 2016 ass disponibel a kann iwwer dëse Formulaire bestallt ginn.

E läit an der Zentral vun eise Verbänn vir a gëtt no der Bestellung / Iwwerweisung an deene beschten Delaisen un d’Interessente verschéckt.

Präis 15 €.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Landjugendkalenner 2012

Galerie mat 13 Fotoen.

Mir weisen drop hin, datt eng nei flott Oplag vum beléifte Landjugendkalenner disponibel ass. De Kalenner fir d’Joer 2012 kann iwwer dëse Formular bestallt ginn. No der Iwwerweisung op de CCPLLULL IBAN LU17 1111 2311 3177 0000 vun der Lëtzebuerger … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Landjugendkalenner 2012

LLJ.News 4/2017

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.4/2017) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 15. Dezember 2017 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir nees an dëser Zeitung op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn: d’Ausschaffe vum Landjugendkalenner 2018 (deen an der Tëschenzäit bestallt ka ginn), den Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017 zu Clierf, den Tour op Amsterdam vun iwwer 60 Membere vun der LLJ (21. – 22. Oktober 2017), deen traditionellen a gutt besichte Jongbauerendag zum Thema „Um Wee zur Agrarpolitik 2020“ (19. November 2017 zu Ettelbréck), …

Dësweidere werfe mir dës Kéier e Bléck op d’Schaffen an – wéi kann et anescht sinn – d‘Feieren an de regionalen LLJ-Gruppen „Cliärref“ a „Süden“.

Op de Säiten 18 a 19 vun dëser Ausgab komme mir dann an der Haaptsaach op dee vu laanger Hand  preparéierten „Burkina Dinner“ zréck, wou den 30. Oktober 2017 ronn 400 Leit derbäi waren, fir e puer flott Stonnen zesummen am Interessi vun der gudder Saach an der Däichhal zu Ettelbréck ze verbréngen.

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252  oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Aktivitéiten

Zu de regelméissegen Aktivitéiten, déi iwwer d’Joer erduerch (oder am 2-Jores-Rhythmus) op nationalem Niveau vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) organiséiert sinn, zielen:

 

Detailer zu dësen Haaptaktivitéite vun der LLJ fënnt deen Interesséierten an de respektiven Ënnerrubriken (an der Toolbar lénks).

Dobäi kommen déi sëllechen Aktivitéiten, déi op lokalem Niveau vun de regionale Gruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren organiséiert ginn. Déi ustehend Aktivitéiten sinn an der Agenda oder op der Homepage / der Facebook-Säit vum respektive Grupp ze fannen.

 

Comments Off on Aktivitéiten

Mam Ballon iwwer Lëtzebuerg

Galerie mat 12 Fotoen.

Als Unerkennung vum Remy Harpes séngem laangjäregen Engagement un der Spëtzt vum Jugendmouvement, huet d’Lëtzebuerger Landjugend hirem fréiere President en Tour iwwer Lëtzebuerg am Ballon offréiert. De Bong konnt den 11. Juli 2011 ageléisst ginn.

Fotoen, LLJ | Comments Off on Mam Ballon iwwer Lëtzebuerg