Auteur-Archiv: admin

CEJA – Tag der Junglandwirte 2007

Galerie mat 12 Fotoen.

E puer Andréck vum "Europäischen Tag der Junglandwirte", deen de 17. Abrëll 2007 zu Bréissel ofgehale gouf. D’Fotoen goufen äis frëndlecherweis vum CEJA-Sekretariat zur Verfügung gestallt. 

CEJA, Fotoen | Comments Off on CEJA – Tag der Junglandwirte 2007

CEJA – Generalversammlung 2007

Galerie mat 14 Fotoen.

E puer Andréck vun der CEJA-Generalversammlung 2007, wou de Laurent Frantz am Numm vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, déi nei Statuten vun der A.I.S.B.l. CEJA ënnerschriwwen huet. Dës Fotoen sinn äis frëndlecherweis vum CEJA-Sekretariat zur Verfügung gestallt ginn. 

CEJA, Fotoen | Comments Off on CEJA – Generalversammlung 2007

Landjugenddag 2007

Galerie mat 195 Fotoen.

Loosst Iech mat dëse Fotoen iwwerzeege vum Succès vum 33. Landjugenddag, deen op Christi-Himmelfahrt, de 17. Mee 2007 vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Furen a.s.b.l. organiséiert gouf.

Fotoen, LLJ, LLJ Furen | Comments Off on Landjugenddag 2007

Agrarpolitesch Stellungnahm 2005

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2005

Agrarpolitesch Stellungnahm
un de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

virgedroen vum Nadine Albers-Turmes, Presidentin vum Grupp Zuucht vun de LJB & JW

Léif Éiregäscht, Dir Dammen an Dir Hären,

Joer fir Joer stelle mir bei der Geleeënheet vum Jongbaueren- a Jongwënzerdag, d’Siicht vun deene Jonken zu der aktueller agrarpolitescher Lag vir. Erfahrungsgemäss sinn eis Fuerderungen iwwer vill Joren hannereneen déiselwecht, ouni datt awer eppes Konkretes geschitt.

Nach ni war den Ëmbroch an der Landwirtschaft esou grouss, wéi an dësem Moment. Nach ni hunn an eiser Branche esou vill Betriber hir Diren zougemaach, obschonn – wéi a kéngem anere Sektor – Jonker do sinn, déi Loscht op dëse Beruff hunn an och déi néideg Kompetenzen matbréngen. Dat huet vill Ursaachen; zwou vun deene markantesten si mat Sëcherheet déi schlecht Akommenssituatioun an déi scho bal ausartend Bürokratie.

De Kader muss sech deemno esou séier ewéi méiglech änneren. D’Perspektiven fir déi Jonk musse kloer an transparent sinn; eng Zukunfsplanung muss mëttelfristeg nees méiglech sinn. Weider liesen

LLJ | Comments Off on Agrarpolitesch Stellungnahm 2005