Generalversammlungen 2021

Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun de Generalversammlungen 2021, deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi eenzel Datumer festgeluecht sinn :

  • vun de regionalen LLJ-Gruppen,
  • vun den LLJ-Aarbechtsgruppen,
  • vun der nationaler A.s.b.l. “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren”,
  • vun der ONG-D

 

Associatiounen / GruppenDatum Uertschaft / Plaz
Regional LLJ-Gruppen
LLJ Cliärref27.03.2021 um 20:15 AuerHall Poyvalent zu Clierf
LLJ Dikrich13.03.2021 um 20:15 AuerVideokonferenz iwwer Zoom
LLJ Furen12.02.2021 um 19:30 AuerMusekssall zu Baastenduerf
LLJ Maacher20.03.2021 um 20:00 AuerCentre "Beaurepaire" zu Berbuerg
LLJ Süden20.02.2021 um 20:30 AuerVideokonferenz iwwer Zoom
LLJ Uewersauer26.03.2021 um 20:00 AuerZu Béiwen am Sall
LLJ Zenter09.04.2021 um 20:15 AuerVideokonferenz iwwer Zoom
LLJ-Aarbechtsgruppen
Grupp ZuuchtAm CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
National Associatiounen
LLJ a.s.b.l.07.05.2021 um 20:00 AuerIwwer Zoom
LLJ - Service Coopération a.s.b.l.30.03.2021 um 20:00 Auer"An Haffen" zu Wickreng

D’Generalversammlungen (AG) ginn am Prinzip um 20:00 Auer ofgehalen. Déi eenzel Associatiounen deelen déi genau Auerzäit awer an hieren offiziellen Invitatioune mat, déi am Virfeld vun deene respektiven AG-en un hir Membere verschéckt ginn.

 

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Generalversammlungen 2021

Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering

En neie President fir d‘LLJ

 

De Luc Emering huet um leschte Jongbauerendag d’Féierung un der Spëtzt vum Jugendmouvement iwwerholl.

Zënter dem Jongbauerendag 2020, deen den 22. November 2020 opgrond vun der Covid-19-Pandemie an digitaler Form organiséiert ginn ass, huet d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) mam Luc Emering en neie President. De Luc assuréiert deemno – zesumme mam Angèle Mersch – d’Tâchen un der duebeler Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun.

Weider liesen

LLJ | Comments Off on Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering

Nouvelles de nos actions de développement

Renforcement de l’utilisation de la traction asine et des capacités productives des exploitations agricoles familiales dans 26 villages des provinces du Boulkiemdé, Sanguié, Sanmatenga et Yatenga, au Burkina Faso

Notre projet de mécanisation des techniques agricoles, réalisé en partenariat avec l’organisation paysanne FEPAB, s’appuie sur l’utilisation des ânes de trait pour remplacer le travail à la main, améliorer la productivité des petites exploitations familiales et promouvoir une agriculture durable.

Visite de la ferme agroécologique Béo Néeré

Participants de la visite

Participants de la visite

Dans ce cadre, une visite a été organisée sur le site de la ferme agroécologique Béo Néeré (« lendemains meilleurs » en mooré). Située dans la grande périphérie de Ouagadougou, la ferme école Béo Néeré accompagne et forme depuis 2013 les coopératives, associations, animateurs, producteurs locaux dans l’adoption de pratiques agroécologiques et la production d’aliments biologiques. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Nouvelles de nos actions de développement

Dem Museker Pierre NIMAX en Äddi an e grousse Merci

Am Numm vun de Memberen an Anciene vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) dréckt den Nationalcomité der Famill vum verstuerwenen Här Pierre NIMAX sen. säin oprichtegt Bäileed aus.

Niewent senge villsäitegen Engagementer an der Lëtzebuerger Musekswelt, huet dee fréieren Dirigent vun der Militärmusek a Maître de Chapelle vum Groussherzoglechen Haff och eenzel grouss Evenementer vun eiser Jugendorganisatioun musikalesch begleet.

Esou huet hien 1988 d’Gebuertsdagshymn (Uergel a Pauken) an d’Fanfare Jubilaire „Eng Zukunft fir eis Dierfer“ (Uergel a Pauken) fir de 60. Anniversaire vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” (haut: LLJ) komponéiert. Béid Stécker sinn deemools an der Mäerteskierch zu Diddeleng vum Här Pit NIMAX jr. op der Uergel an der Madame Charlotte ERNST op de Pauke gespillt a fir d’Kassett vum Jubiläum opgeholl ginn.

Och am héijen Alter huet den Här NIMAX e weidere musikalesche Bäitrag fir d’LLJ geleescht, an 2018 de Jongbaueren a Jongwënzer-Marsch fir den 90. Anniversaire vun der Associatioun komponéiert.

D’Memberen an d’Anciene vun der LLJ sinn sech der grousser Unerkennung bewosst, déi de begeeschterte Museker der Associatioun iwwer dee Wee ausgedréckt huet. Si wäerten den Här Pierre NIMAX sen. ëmmer a gudder Erënnerung behalen.

 

LLJ | Comments Off on Dem Museker Pierre NIMAX en Äddi an e grousse Merci

#LLJsupportsHORESCA

Ënnerstëtzt och Dir Är lokal Restaurateuren a bestellt bei hinnen. Post eng Foto vun Ärem Iessen op Facebook mat den Hashtags #LLJsupportsHORESCA #thinkglobalactlocal

LLJ | Comments Off on #LLJsupportsHORESCA

Message vum Nationalaumônier

Message fir d’neit Joer vum LLJ-Nationalaumônier Romain Richer

LLJ | Comments Off on Message vum Nationalaumônier

LLJ Christmas Tour

 

 

D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) wëllen alle Leit op eng speziell Manéier schéi Chrëschtdeeg wënschen. Dofir fueren si e Samschdeg, de 26. Dezember 2020 vu 16:00 Auer un, am Cortège mat hiren Trakteren, déi si fir Chrëschtdag dekoréiert hunn, laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen.

Méi Informatiounen zu den eenzelne Weeër vum Cortège vun den Trakteren fannt Dir hei:

 

D’Membere vun der LLJ wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir 2021!

LLJ | Comments Off on LLJ Christmas Tour