ONG.News 2020

(LU) D’Editioun 23/2020 vum “ONG.News” ass disponibel a kann hei erofgeluede ginn.

Wéi gewinnt, gi mir och an dëser Editioun virun allem op d’Kooperatiounsaarbecht an, déi eis ONG zesumme mat hire lokale Partner am ländleche Raum am Burkina Faso leescht / geleescht huet (Säite 18 – 27).

Zousätzlech werfe mir e Bléck op de 60. Anniversaire vun der ONG an déi verschidde Manifestatiounen, déi äis d’Geleeënheet gebueden hunn, fir op dat 60-järegt Engagement an Afrika vun der LLJ opmierksam ze maachen: um Bauerenhaff an der Stad, um 45. Landjugenddag vun der Landjugend Maacher, op der Foire Agricole vun Ettelbréck, um Dag vun der Kooperatioun vun der Landjugend Cliärref, op der Soirée conviviale,… (Säiten 3 – 17).

D’Säiten 28 – 31 si fir d‘Scheckiwwerreechungen an d‘Aktioune reservéiert, déi vu verschiddenen Associatiounen an eiser ONG am Interessi vun der gudder Saach organiséiert gi sinn.

Zum Schluss presentéiere mir Iech d’Finanzen, fir datt Dir Iech e Bild dovu maache kënnt, wou d‘Suen higefloss sinn, fir dat ze realiséieren, wat um Programm vun 2019 – 2020 stoung/steet (Säit 32).
Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Comments Off on ONG.News 2020

46. Landjugenddag, den 21. Mee 2020 zu Harel

An de leschte Méint hu sech déi Jonk vum Landjugendgrupp Uewersauer mat vill Motivatioun zesummegedoen, fir de Landjugenddag 2020 op d‘Been ze stellen. Mat engem neien a relativ jonke Comité hu si no engem erfollegräiche Summer Opening-Bal 2019 den Optrag kritt, de 46. Landjugenddag ze organiséieren. Si hunn zanterhier méintelaang op benevoller Basis dru geschafft, fir datt och dës Editioun mam Rallye e grousse Succès gëtt. D´LLJ Uewersauer invitéiert Iech deemno op Harel fir dëse 46. Landjugenddag.

Den 1. Landjugenddag ass 1975 vun der Landjugend Cliärref organiséiert ginn an ass zanterhier e feste Rendez-vous am Kalenner vun der LLJ. Déijéineg, déi vun dëser Geleeënheet profitéieren, kënne vill schéi Plazen hei am Land entdecken a sech mat der Ekipp den Erausfuerderunge vum Rallye stellen. Fir déijéineg, déi sech net sportlech engagéieren wëllen, bitt sech awer och d’Méiglechkeet d’Ekippe bei engem Trëppeltour iwwert de Parcours ze ënnerstëtzen.

Fir Iessen a Gedrénks an awer och fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass beschtens gesuergt. Et lount sech deemno, den 21. Mee 2020 op Harel ze kommen. Jidderee ka vun dësem Dag profitéieren fir mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen.

Angèle Mersch
Presidentin
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

 

Programm vum 46. Landjugenddag

 

LLJ, LLJ Uewersauer | Comments Off on 46. Landjugenddag, den 21. Mee 2020 zu Harel

Kultur-Tour vun der LLJ Cliärref

Galerie mat 9 Fotoen.

Ufank Mäerz 2020 waren déi Jonk vun der LLJ Cliärref fir hir dësjäreg Kulturrees an Éisträich an am Süde vun Däitschland ënnerwee, wou si d’Firma Pöttinger, d’Voestalpine Stahlwelt an och e landwirtschaftleche Betrib kucke waren.    

Fotoen, LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Comments Off on Kultur-Tour vun der LLJ Cliärref

Bedeelegung vun der LLJ um Klimadësch-Landwirtschaft

 

Op Invitatioun vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider hunn de Marc Roeder, LLJ-Nationalpresident an de Christian Hahn, Member vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik, e Méindeg, den 9. Mäerz 2020 um Klimadësch-Landwirtschaft zum Thema „Integrierter Nationaler Energie- und Klimaplan Luxemburgs für den Zeitraum 2021-2030“ um Sennenger Schlass deelgeholl.

 

LLJ | Comments Off on Bedeelegung vun der LLJ um Klimadësch-Landwirtschaft

LLJ.News 1/2020

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.1/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn Mäerz 2020 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • e Réckbléck op den Neijoerschpatt 2020, organiséiert vun der LLJ Zenter
  • de „46. Landjugenddag“, op deen de regionale Landjugendgrupp Uewersauer, d’Jugend aus dem Land an der Groussregioun invitéiert (den 21. Mee 2020 zu Harel)
  • e Réckbléck vum Mike Meyer, Chargé vum Service d‘information pour jeunes, op de Jongbauerendag 2019
  • den 2. Deel vun der agrarpolitescher Stellungnam (vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik), vum Jongbauerendag 2019, op deen d’Acteuren aus der Landwirtschaft am November 2019 invitéiert gi sinn
  • en Artikel vum Lisa Jacqué iwwer d‘Visitt vun der „Grüne Woche“ zu Berlin
  • e Réckbléck vum Conny den Reijer op en erfollergräicht Joer 2019 vun der LLJ Maacher

Weider liesen

LLJ | Comments Off on LLJ.News 1/2020

Visite de restitution

Galerie mat 9 Fotoen.

Au début de cette semaine (03.03 – 04.03.2020), M. Jo Ballade, spécialiste en traction asine et machinisme agricole, et M. André GIMENEZ représentant de PROMMATA International, ont été invités par notre conseil d’administration afin de partager les résultats de leurs … Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Visite de restitution

Schéine Gest vun der Gemeng Rammerich

E Méindeg, den 10. Februar 2020 hunn déi Verantwortlech vun der Gemeng Rambrouch, d’Fondation Raoul Follereau, resp. d’A.s.b.l.-en Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar (ONG EDI Madagascar) a Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération op eng Scheckiwwerreechung an d’Märei invitéiert.

Jeeweils 2.000 € kruten déi zwou éischtgenannten Hëllefsorganisatiounen vum Här Antoine Rodesch, Buergermeeschter, a vum Här Mike Bolmer, Schäffen, mat engem symbolesche Scheck iwwerreecht.

Un der Madamm Myriam Binck, déi vun äis gutt bekannte fréier Presidentin vun der Landjugend Zenter, war et, fir hirersäits an hirer Funktioun als Schäffin vun der Gemeng, de Scheck am Wäert vun 1.000 € un d’Vertrieder vu eiser ONG ze iwwerginn.

Am Numm vum Verwaltungsrot hunn de Remy Harpes an de Pol Majerus de Gemengeresponsablen hire grousse MERCI ausgeschwat.

 

LLJ | Comments Off on Schéine Gest vun der Gemeng Rammerich