Feier vum 90. Anniversaire vun der LLJ

Galerie mat 180 Fotoen.

Am Zeeche vun der Frëndschaft Iwwer 700 Gäscht (Autoritéiten, Frënn, Ancienen an aktuell Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“) haten sech e Samschdeg, den 10. November 2018 an der Däichhal zu Ettelbréck afonnt, fir den 90. Anniversaire vun der … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Feier vum 90. Anniversaire vun der LLJ

Stellenangebot / Offre d’emploi

Oekozenter Pafendall asbl und Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren asbl

suchen ab sofort eine/einen

 

ÖKOLOGISCHE(N)
LANDWIRTSCHAFTSBERATER(IN)

 

 

 

 

IHRE AUFGABEN

  • Durchführung von Projekten und Praxisversuchen sowie Öffentlichkeitsarbeit im Sinne einer nachhaltigen, ökologisch orientierten Landwirtschaft
  • Aufbau von Kooperationen zur Stärkung einer bäuerlichen Landwirtschaft (Förderung der solidarischen Landwirtschaft, Aufbau von Produzentenkooperationen, Förderung der lokalen Versorgung öffentlicher Restauration)
  • Begleitung, Beratung von und Kommunikation mit Landwirten, Verwaltungen und Forschungsstellen

 

IHR PROFIL

  • Naturwissenschaftlicher FH- oder Uniabschluss mit Affinität zur landwirtschaftlichen Praxis, zu agrarpolitischen Themen sowie zur NGO-Arbeit
  • Initiativgeist, Flexibilität und Organisationstalent
  • Praxis- und Berufserfahrung sind von Vorteil
  • Gute Kenntnisse der deutschen und französischen Sprache: luxemburgische und englische Sprachkenntnisse sind von Vorteil

 

WIR BIETEN

  • Abwechslungsreiche Arbeit
  • Interessantes Themenfeld in einem interdisziplinären Team
  • Unbefristeter Zeitvertrag (20-40 Std/Woche)

 

Weitere Details unter oekozenter.lu

Bitte senden Sie Ihre Bewerbungen mit CV und Zeugnissen bis zum 3. Dezember 2018 an:

Oekozenter Pafendall asbl
6, rue Vauban
L-2663 Luxembourg

oder an oekozenter@oeko.lu

 

Annonce: PDF

 

LLJ | Comments Off on Stellenangebot / Offre d’emploi

90. Anniversaire vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren”

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) invitéiere ganz häerzlech

all Sympathisanten, Frënn, Ancienen an aktuell Membere vun der Associatioun, de regionalen LLJ-Gruppen an den LLJ-Aarbechtsgruppen

op hir

Feier bei Geleeënheet vum 90. Anniversaire

e Samschdeg, den 10. November 2018
um 19:30 Auer an der Däichhal zu Ettelbréck.

De musikaleschen Encadrement vun der Soirée gëtt duerch e Grupp vu Museker aus deenen eegene Reie vun der LLJ assuréiert. Direktioun: Jeff Schmit, President vun der LLJ Süden.

D’Umeldung ass bis den 29. Oktober 2018 erwënscht: secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Comments Off on 90. Anniversaire vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren”

Kniddelsiessen vun der LLJ Uewersauer

D’Landjugend Uewersauer invitéiert ganz häerzlech op hiert

Kniddelsiessen

e Sonndeg, den 28. Oktober 2018

am Sall zu Bauschelt.

Umeldung bis den 18. Oktober 2018: Tel. 691 264 238 oder jenny98@pt.lu

 

LLJ Uewersauer | Comments Off on Kniddelsiessen vun der LLJ Uewersauer

Am Kader vun de Parlamentswahlen 2018: Diskussiounsronn zur Zukunft vun der Landwirtschaft

Galerie mat 11 Fotoen.

– Formatioun – Regional Vermaartung – Diversifikatioun – Waasserschutz –   e Mëttwoch, den 12. September 2018 am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck Mat de Vertrieder aus de Parteien: ADR: Dr. Jean SCHOOS, Parteipresident CSV:  Madame Martine HANSEN, … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Am Kader vun de Parlamentswahlen 2018: Diskussiounsronn zur Zukunft vun der Landwirtschaft

LLJ.News 3/2018

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.3/2018) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 25. September 2018 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an der Associatioun ustinn a maachen e Réckbléck op déi, déi an deene leschte Wochen organiséiert gi sinn:

  • den 90. Anniversaire vun der Associatioun, deen den 10. November 2018 zu Ettelbréck an der Däichhal am Kader vun enger “Entspaanter Soirée ënner Frënn” gefeiert gëtt
  • den Dag vun der Kooperatioun, op deen d’LLJ Zenter den 18. November 2018 op Rammerich invitéiert
  • deen exemplareschen Asaz vun den LLJ-Memberen op der Foire Agricole 2018 vun Ettelbréck

 

Doniewent mécht eis jonk Nationalpresidentin Angèle Mersch vun hirer Säit aus en éischte Bilan vun hiren Erfarungen un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun.

Dës Kéier sinn et dann d’LLJ-Gruppen “Furen” an “Zenter”, déi hire gutt gefëllten Aktivitéitsprogramm presentéieren. Si ënnersträichen an dësem Blat, datt si – wéi kann et anescht sinn – “gär derbäi sinn, wou eng lass ass”.

An dëser Zeitung gi mir dësweideren eise fréieren Entwécklungshelfer Antoine Mailliet a Marcel Scheidweiler d’Geleeënheet, fir op d’Ufäng vun eisem Schaffen zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso zréckzekommen. D’Madame Jacqueline Monville, Chargée de projets, stellt uschléissend en aktuelle Kooperatiounsprojet vun der ONG vir, deen un dat 10-järegt Wierke vun deen deemolegen Entwécklungshelfer am afrikanesche Land uknäppt.

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Comments Off on LLJ.News 3/2018

Diskussiounsronn am Kader vun de Parlamentswahlen 2018

Am Kader vun de Parlamentswahlen 2018 invitéiert d‘Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. ganz häerzlech op eng DISKUSSIOUNSRONN zum Thema „D’Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg“ e Mëttwoch, den 12. September 2018 um 20:00 Auer am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck   mat de Vertrieder aus de Parteien: ADR: Dr. Jean SCHOOS, Parteipresident CSV: Madame Martine HANSEN, Deputéiert Déi Gréng: Här Gérard ANZIA, Deputéierten Déi Lénk: Här Philippe SCHUMANN, Coordinateur fir de Bezierk Norden DP: Här Fernand ETGEN, Landwirtschaftsminister LSAP: Här Romain SCHNEIDER, Minister Duerch d’Diskussiounsronn féiert dee fréieren RTL-Radio-Moderator Daniel Nepgen.  
LLJ | Comments Off on Diskussiounsronn am Kader vun de Parlamentswahlen 2018

Dag vun der Kooperatioun

D’ONG-D
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Coopération a.s.b.l.

an

d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Zenter a.s.b.l.

invitéiere ganz häerzlech op

EN DAG VUN DER KOOPERATIOUN

e Sonndeg, den 18. November 2018
zu Rammerich

Programm

 

Den Erléis vum Dag fléisst an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht.

 

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun

De Ploucouncours vun der LLJ Süden an der Press

Reaktiounen aus der Press zum 2. Plouconcours, deen de 26. August 2018 vun der LLJ Süden zu Käerch organiséiert ginn ass:

 

 

 

 

 

 

 

RTL-Reportage: http://www.rtl.lu/letzebuerg/1228969.html

Luxemburger Wort vum 23. August 2018: Die besten der Furche
Luxemburger Wort vum 27. August 2018: Schöne gerade Furchen

Tageblatt: So pflügen die Meister durch das Feld

Lëtzebuerger Bauer vum 31. August 2018: Plouconcours der Landjugend Süden

 

LLJ Süden | Comments Off on De Ploucouncours vun der LLJ Süden an der Press