Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, den 30. Juni 2017

Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 9e vum Enseignement secondaire technique
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

 

e Freideg, den 30. Juni 2017 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen:

Workhops für Schulklassen
Invitatioun fir d’Léierpersonal

D’Reservatioune vun den Ateliere kënnen nach just online gemaach ginn. WICHTEG: D’Enseignantë mussen am Virfeld vun de Reservatiounen e Benotzerkont ariichten (Pré-inscription).

Message vum 20. Juni 2017 un d’Enseignanten:

Haut ass ee weideren interessanten Atelier vu MeteoLux derbäi gesat ginn. Dir fannt d’Beschreiwung dozou ënner der Nummer 53 an der Oplëschtung vun de “Workhops für Schulklassen“. Et sinn dësweideren nach eng ganz Rei Atelieren disponibel. Dir kënnt déi nach bis de 26. Juni 2017 reservéieren.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

LLJ.News 2/2017

D’LLJ.News Nr.2 / 2017 kréien eis Abonnenten a Memberen ëm den 20. Juni 2017 mat der Post zougestallt.

Och an dëser Zeitung gi mir op déi wichteg Evenementer aus deene leschte Wochen am Liewe vun eisen Associatiounen an: de Bauerenhaff an der Stad, den 1. an 2. Abrëll 2017, den 43. Landjugenddag, organiséiert vun der LLJ Dikrich, e Bléck op d’Aktivitéiten vun de regionalen LLJ-Gruppen Furen an Zenter an Interessantes iwwer d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun eiser ONG-D.

Wichteg: Bedéngt duerch d’Reorganisatioun innerhalb vun eisen Associatiounen, kann et sinn, datt eenzel Memberen aus de Gruppen nach net am Fichier erfaasst gi sinn oder, datt et zu Doublüre beim Verschécken vun eiser neier Verbandszeitung kënnt. Zéckt deemno net, fir äis Bescheed ze soen, wann dir d’Zeitung net kritt huet oder wann dir méi Zeitungen, wéi virgesinn, an ärer Bréifkëscht virfannt.

All aner Interessenten kréien d’Zeitung och gären nogeschéckt. Kontaktéiert äis iwwer Tel. 44743 – 252 oder secretariat@jongbaueren.lu.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

43. Landjugenddag

D’Landjugend Dikrich invitéiert ganz häerzlech op den 43. Landjugenddag,

 

op Christi-Himmelfahrt,
en Donneschdeg, de 25. Mee 2017

 

zu Ierpeldéng un der Sauer

 

 


Thema:

Zu Ierpeldéng laanscht d’Sauer, braucht Dir vill Power!

Programm:

10:00 Auer: Jugendmass mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
11:00 Auer: Éierewäin
12:00 Auer: Mëttegiessen a Startschoss vum Rallye

Nomëttes:   Concert vun der Ierpeldénger Musek

22:00 Auer: Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal

De ganzen Dag iwwer, Animatioun fir Grouss a Kleng 🙂

 

LLJ, LLJ Dikrich | Kommentar hannerloossen

Gewënner vum Gewënnspill „Rot emol“ um Stand vun der ONG-D

Bauerenhaff an der Stad, den 1. an 2. Abrëll 2017 bei der Gëlle Fra

Gewënner vum Gewënnspill „Rot emol“ um Stand vun der ONG-D

zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG-D „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.

Gewiicht vun deene 63 Kachbicher, déi vum Kichechef gesponsert gi sinn:                        133,88 kg

 

  1. Präis Corbeille, Salaisons Meyer:John Peter
  2. Präis  Set mat Drëppen (33 cm), Tudorsgeeschter: Tun Janssen
  3. Präis Kachbuch „Op kulinaresch Rees duerch déi 4 Joreszäiten“, Kichechef: Hubert Huverneers
  4. Präis Kachbuch „Op kulinaresch Rees duerch déi 4 Joreszäiten“, Kichechef: Claude Hansen

Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

1. Bauerenhaff an der Stad

Iwwer de Weekend vum 1. an 2. Abrëll 2017 hunn d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren de Stater Leit d’Geleeënheet ugebueden, fir sech am sougenannten “Bauerenhaff an der Stad” bei der Gëlle Fra e konkret Bild iwwer d’Aarbecht op de Bauerebetriber ze maachen.

Vill Fotoe vum Event fënnt deen Interesséierten op der Facebook-Säit vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.

 

Programm (LU) / Programme (FR)

Show-cooking

Aussteller / Exposants

Informatioune fir d’Presse

Impressioune vun der Pressekonferenz
vum 24. Mäerz 2017

Broschür vum Bauerenhaff an der Stad:

1. Deel (Säiten 1 – 15)
2. Deel (Säiten 16 – 30)
3. Deel (Säiten 31 – 44)

 

LLJ | Kommentar hannerloossen