Brunch op der Wemperhaart fir eis Memberen

Datum: 12. Februar 2012
Auerzäit: 10:00
Zu: Shopping-Center Massen, Wämperhaart
Organisatioun: LLJ - JB & JW
Kontakt: 44743 - 252

Déi Verantwortlech vun der Lëtzebuerger Landjugend an de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer invitéieren all d’Memberen, déi aktiv um Stand vun eise Verbänn op der Foire Agricole 2011 zu Ettelbréck gehollef hunn, op e Brunch an de Shopping-Center Massen op d’Wämperhaart, e Sonndeg, den 12. Februar 2012 (vun 10:00 un).

Iwwer dëse Wee drécken si hire konkrete MERCI aus, fir déi vill Aarbecht déi den Aarbechtsgrupp FAE an d’Memberen aus de regionale Gruppen am Virfeld a während deenen dräi Deeg vun der FAE am Intressi vun den Organisatioune geleescht hunn.

Fir ze assuréieren, datt jidderee gutt op d’Wämperhaart an nees heem kënnt, ginn 2  – 3 Bussen agesat. D’Auerzäiten an d’Plazen, wou d’Bussen halen, ginn am Virfeld vum Dag matgedeelt.

D’Umeldunge gi bis den 20. Dezember 2011 bei deenen respektive Gruppesekretären entgéint geholl.

FacebookTwitter
LLJ, LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer, LLJ Zenter

Comments are closed.