Visite vun der “Grüne Woche” zu Berlin

Datum: 22. Januar 2011
Auerzäit: 08:00
Zu: Berlin
Organisatioun: LLJ - JB & JW

Berlin – Grüne Woche 2011

Wéi am leschten Nationalkomitee ugeschwat, organiséieren ech och d’nächst Joer nees en Tour op Berlin, fir d’Visite vun der Grüne Woche, an zwar

vu samschdes, dem 22. Januar bis méindes, de 24. Januar 2011

Um Programm stinn, niewent all deenen traditionellen Landjugend-Veranstaltungen, d’Visite vun der Ausstellung an natierlech en Tour duerch Berlin.

Eise Fliger start samschdes, den 22.01 um 06:40 Auer zu Saarbrécken. Fir zréck, lande mir méindes, de 24.01.2011, um 18:45 Auer nees zu Saarbrecken.

Wat alles un Interessantem méigleg ass:

Samschdes owes: Landjugendfete mat 4.000 bis 5.000 Jonker aus ganz Däitschland

Sonndes moies: Jugendveranstaltung des BDL mat engem groussen Theaterstéck

Sonndes nomettes: Visite vum Musical We will rock you

Sonndes owes : Niedersachsenfete

a villes méi ……

Wat kascht dat äis :

· Fliger fir op Berlin : 80 bis 100 Euro

· Duebelzëmmer am Hotel – pro Nuecht: 50 bis 75 Euro

· Entrée vun der Ausstellung: 12 Euro

· Entrée vun der Landjugendfete: 12 Euro

· Entre Musical “We will rock you”: 41 Euro

All Interessent soll sech w.e.g. bis den 18. November 2010 beim Laurent mellen:

E-mail: frantzro@pt.lu, Tel.: 36 52 95 (an der Mëttesstonn oder owes)

Laurent Frantz

FacebookTwitter
LLJ, LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer, LLJ Zenter

Comments are closed.