Auteur-Archiv: Traudi Toews

Adventsmass um Schmithaff

Galerie mat 11 Fotoen.

Kuckt d’Impressioune vun der Mass fir Grouss a Kleng um Schmithaff (Iewerleng) den 29.11.25. Den Erléis vum Iessens-/Gedrénksverkaf fléisst an eis Kooperatiounsprojeten am Burkina Faso. E grousse Merci un all Leit, déi gehollef hunn!  

LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Adventsmass um Schmithaff

Film a Fotoen vum “Dag vun der Kooperatioun” zu Schuller

Galerie mat 14 Fotoen.

Den 26. Oktober 2025 haten d’Landjugend Süden an d’ONG LLJ-Service Coopération fir en Dag zugonschte vun den Entwécklungsprojeten am Burkina Faso agelueden. Vill Leit ware komm, fir zesummen eng Mass ze feieren, d’Musek ze lauschteren, ze poteren, e gutt Iessen … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Süden | Comments Off on Film a Fotoen vum “Dag vun der Kooperatioun” zu Schuller

E Schoul-Konzept fir eng besser Zukunft

An der Entwécklungszesummenaarbecht ass et wichteg, datt eng ONG sech drop konzentréiert laangfristeg a nohalteg Verbesserunge vun de Liewensbedingungen ze bewierken. Dofir hu mir 2015 decidéiert, méi an d’Educatioun vun de Jonken am ländleche Raum z’investéieren, wëll et déi Jonk sinn, déi am meeschte benodeelegt sinn.

Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on E Schoul-Konzept fir eng besser Zukunft

Réckbléck op den “Dag vun der Kooperatioun” zu Wëntger

Galerie mat 23 Fotoen.

Wat e flotten Dag : ) Kuckt hei d’Impressioune vum “Dag vun der Kooperatioun” den 20. Oktober 2024 am Centre Culturel Wëntger, op den d’LLJ Cliärref an d’ONG LLJ-Service Coopération invitéiert haten. Den Erléis vum Dag fléisst an d’Projete vun … Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op den “Dag vun der Kooperatioun” zu Wëntger

Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

Galerie mat 17 Fotoen.

E puer Impressiounen vun der Generalversammlung (AG) 2024 vun eiser ONG, déi den 14. Mäerz am Festsall An Haffen zu Wickreng ofgehale konnt ginn. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse Merci, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären zur … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

Nouvelles de nos projets au Burkina Faso

Promotion de la traction asine

Récemment, le Ministère des Affaires étrangères et européennes (MAEE) a accepté de cofinancer notre nouveau projet d’appui à l’agriculture familiale :

L’utilisation des ânes de trait aide les familles rurales au Burkina Faso à accroître leur sécurité alimentaire. Elles deviennent moins dépendantes de la sècheresse et des autres conséquences du changement climatique. Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Nouvelles de nos projets au Burkina Faso

Dag vun der Kooperatioun

LLJ-Service Coopération an LLJ-Zenter invitéiere ganz häerzlech op „En Dag vun der Kooperatioun“ zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der LLJ:

Sonndeg, de 19. November 2023 zu Gréiwels

10:00 Auer: Mass an der Kierch St. Donatus, Gréiwels, mat Virstellung vun de Kooperatiounsprojeten, déi am Burkina Faso realiséiert ginn

uschléissend am Centre Nei Brasilien (L-8838 Grevels Wahl):  Concert, Apero, gesellegt Zesummesinn, Kannerbastelatelier, Tombola

13:00 Auer Mëttegiessen:

Scampis à discrétion, Räis, Dessert, Kaffi :  27,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 13,50 €)

Bouchée à la Reine, Räis, Dessert, Kaffi :     25,00 €  (fir Kanner bis 12 Joer : 12,50 €)

 

Den Erléis vum Dag fléisst an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG-D Service Coopération am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso leescht.

 

Umeldung bis den 05.11.23: Pierre Prickaerts – ljzenter@hotmail.com

LLJ, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun