Kategorie-Archiv: LLJ Cliärref

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Cliärref a.s.b.l.

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit duerch déi regional Landjugendgruppen

Galerie mat 3 Fotoen.

Am Kader vun hire respektiven dësjärege Generalversammlungen hunn déi regional Landjugendgruppen Cliärref, Maacher, Süden an Zenter, d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” mat deelweis iwweraus generéise Schecken ënnerstëtzt. Deemno huet d’LLJ Cliärref … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Zenter | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun 2015

Galerie mat 122 Fotoen.

E Sonndeg, de 4. Oktober huet de regionale Landjugendgrupp Cliärref op deen dësjäregen Dag vun der Kooperatioun invitéiert. Den traditionellen Dag zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, deen 1991 vum Landjugendgrupp … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

1. Internationalen Erfinderwettbewerb vun der Landjugend Cliärref

Erfinderwettbewerb - 2Hutt Dir e speziellt Aarbechtgeschir, eng Maschinn oder en neit Verfahren entwéckelt, dat d’Aarbecht an der Land-/Forstwirtschaft, am Bau, am Gaart oder am Haushalt revolutionnéiere kann, da mellt Iech un, fir deen 1. Internationalen Erfinderwettbewerb, deen am Abrëll 2016 vun der Landjugend Cliärref zu Clierf organiséiert gëtt.

Weider Informatiounen ënner www.ljclervaux.lu.

 

LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vun der LLJ Cliärref

DSCF4528 - 2Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung – déi e Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 am Sall zu Eselbuer ofgehale ginn ass – huet de regionale Landjugendgrupp “Cliärref” dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht iwwerreecht. Mat dësem schéine Gest huet den dynamesche Landjugendgrupp op en Neits seng Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika zum Ausdrock bruecht. Am Numm vum  Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vun deene Cliärrefer e ganz grousse Merci.

Foto: Viviane Braquet

LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

40 Joer Landjugend Cliärref

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Cliärref huet hir Memberen a Frënn, e Sonndeg, de 4. Dezember 2011 op e Konveniat am Kader vun hirem 40. Anniversaire invitéiert: Programm, Usprooch vum Ronny Turmes, President      

LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Comments Off on 40 Joer Landjugend Cliärref

Landjugenddag 2011

Galerie mat 98 Fotoen.

Impressioune vum dësjärege Landjugenddag, deen den 2. Juni 2011 zu Wäisswampech vun der Landjugend Cliärref mat groussem Succès duerchgefouert gouf.

Fotoen, LLJ, LLJ Cliärref | Comments Off on Landjugenddag 2011