D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) invitéieren ganz häerzlech op hiren traditionelle Jongbauerendag.
Weider Informatioune fannt Dir deemnächst hei op eiser Homepage.
D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) invitéieren ganz häerzlech op hiren traditionelle Jongbauerendag.
Weider Informatioune fannt Dir deemnächst hei op eiser Homepage.
D` Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. an der Zesummenaarbecht mat dem Café Restaurant “A Péitesch” invitéiert ganz häerzlech op den:
“Lëtzebuerger Mëttig”
Sonndeg, den 11. Oktober bei Péitesch zu Eeselbuer, um 12:00 Auer.
Mir zerwéieren Iech ee leckere Menü aus regionalen a saisonale Produkter.
Menü:
– Kürbiszopp
– Trio de Boeuf (Hamburger, Faux-Filet, Ragout) mat Gromperepüree
– Dessert
Präis 25€/Persoun
Wéinst den aktuelle Moossname sinn d’Sëtzplaze begrenzt. D`Umeldung fir d`Mëttegiessen ass bis den 8. Oktober 2020 erwënscht um:
Tel.: 691 621 976 oder per E-Mail: schlfr@hotmail.com
D`Landjugend Cliärref freet sech fir ee schéinen Dag mat Iech ze verbréngen.
Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.3/2020) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Enn September 2020 mat der Post zougestallt.
Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi deemnächst ustinn:
E BRAVO un d’Landjugend Cliärref mat hirem President Bob Glod, fir dee schéine Gest zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun eiser ONG.
Op der dësjäreger Generalversammlung (18.07.2020) vum regionale Grupp vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren huet de Bob dem Romain Richer (President vun der ONG) – zesumme mat der Tresorière Véronique Reiff – e generéise Scheck vu 4.000 € iwwerreecht.
Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir e ganz grousse MERCI!
Galerie mat 5 Fotoen.
Mise en place d’un lycée d’enseignement général dans le complexe scolaire « Zood Nooma » de Zambélé, commune de Gomponsom, Burkina Faso Le projet actuellement en cours dans le complexe scolaire public de Zambélé arrive à son terme. Les premières classes de … Weider liesen
Déi Liewensmëttel, déi am Kader vun eiser Aktioun mat de regionale Produiten op der dësjäreger virtueller Foire Agricole iwwreg bliwwe sinn, hu mir haut de Moien de Responsabele vun der Stëmm vun der Strooss iwwerreecht