Woch vun der Mëllech 2019

Galerie mat 5 Fotoen.

A Präsenz vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider waren d’Angèle Mersch an de Marc Roeder, Presidente vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, den 13. Dezember 2019 op der Pressekonferenz vun der sougenannter Woch vun der Mëllech (SER – Service d’Economie Rurale) zu … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Woch vun der Mëllech 2019

Complexe scolaire Zood Nooma de Zambélé

Ouverture de la crèche

 

La crèche a ouvert récemment ses portes dans le village de Zambélé au Burkina Faso, où nous réalisons entre autres la construction d’un complexe scolaire. Agréée par la direction provinciale de l’action sociale du Passoré (Ministère de la femme, de la solidarité nationale et de la famille), elle accueille déjà 25 enfants sous la responsabilité d’une monitrice et de nourrices qualifiées.

Une collaboration a également été mise en place entre la crèche et l’école préscolaire de Zambélé pour prendre en charge les jeunes élèves en-dehors des heures de cours. Cet encadrement des jeunes enfants répond à l’évolution du contexte socio-économique burkinabè et permet aux femmes en particulier d’intégrer le marché du travail ou d’entreprendre des activités génératrices de revenus.

Jacqueline Monville
Chargée de projets

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Complexe scolaire Zood Nooma de Zambélé

Patenschaft vum neie Fändel fir eis Associatiounen

Eis Lieser wëssen, datt sech den Nationalcomité am Kader vum 90. Anniversaire (2018) vun eiser Associatioun dofir ausgeschwat huet, fir en neie Verbandsfändel an Optrag ze ginn.

Nodeems, datt dunn d’Skizz vun der Mme Arlette Kieffer vun Näerzeng virlouch, huet d’Mme Michèle Schuler aus dem Oni’s Workshop vu Veianen sech un d’Aarbecht gemaach, fir der Kënschtlerin hire Projet wärend ville Stonnen am/um Stoff ze konkretiséieren.

Um neie Verbandsfändel vun der LLJ huet och d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” hir Plaz. Déi Verantwortlech vun der LLJ hunn drop gehalen, datt eng ganz Säit vum Fändel fir de Service Coopération reservéiert ass, dee jo bekanntlech zënter 60 Joer e wichtege Bestanddeel vun der Jugendorganisatioun duerstellt.    

Um Jongbauerendag, deen de 17. November 2019, wéi gewinnt am Lycée Technique Agricole ofgehale ginn ass, ass den neie Fändel virgestallt a vun eisem Här Äerzbëschof Jean-Claude Card. Hollerich ageseent ginn.

Patenschaft vum neie Fändel Folgend Autoritéiten, Firmaen, Memberen, Frënn a Bekannte vun eiser Associatioun, hunn d’Patenschaft vum neie Fändel iwwerholl. Mir soen hinnen e ganz grousse MERCI:

  • Agri-Distribution Wolff-Weyland
  • Banque Raiffeisen
  • Boonen-Hemmer Séverin & Albertine
  • Convis
  • Feltgen Norbert
  • Frantz Laurent
  • Glodt François
  • Goerens Charles, EU-Deputéierten
  • Hansen Christophe, EU-Deputéierten
  • Hansen Martine, Deputéiert
  • Kirsch Léon, Abbé
  • LLJ Cliärref
  • LLJ Furen
  • LLJ Dikrich
  • LLJ Maacher
  • LLJ Süden
  • LLJ – Aarbechtsgrupp Fleeschranner-Jongziichter
  • LLJ – Aarbechtsgrupp Zuucht
  • Mersch Angèle, LLJ-Nationalpresidentin
  • Meyers-Kirchen Arsène (Famill)
  • Modert Octavie, Deputéiert
  • Naturata
  • Richer Romain, LLJ-Nationalaumônier
  • Roeder Marc, LLJ-Nationalpresident
  • Schaaf Jean-Paul, Buergermeeschter
  • Scheidweiler Marcel
  • Simon-Arendt Mike & Danielle
  • Spautz Marc, Deputéierten
  • Thill Rolande & Schlechter Marc
  • Warmerdam-Frantz René
  • Welbes Gaston


Weider Ënnerstëtzung

——————————————————–

Iwwerhuelt och Dir d’Patenschaft vum neien LLJ-Fändel

Mat der Iwwerweisung vun engem Minimum vun 250 € op ee vun deenen hei vermierkte Konten, kënnt och Dir d’Patenschaft (Eenzelpersoun, Grupp, Firma, …) vum neie Fändel vun der LLJ iwwerhuelen: CCPL: LU12 1111 0040 0831 0000 (BIC: CCPLLULL)
CCRA: LU87 0090 0000 3705 3600 (BIC: CCRALULL)

 
LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Patenschaft vum neie Fändel fir eis Associatiounen

LLJ.News 4/2019

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr. 4/2019) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Mëtt Dezember 2019 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

  • De konkrete Benevolat vum Sophie Diderrich a Carlo Schiltges am Interessi vun eisen Associatiounen
  • E klenge Réckbléck am Bild op d’Bedeelegung vun der LLJ un der Bëschofwei vun hirem fréieren Nationalaumônier Leo Wagener
  • De Jongbauerendag, deen de 17. November 2019 a Präsenz vu villen Autoritéiten, Frënn a Membere vun der LLJ am LTA zu Ettelbréck ofgehale ginn ass
  • En Artikel vum Sophie Diderrich iwwer en Austausch vun der LLJ Dikrich mat der Landjugend Giessen
  • En Artikel vun der LLJ Zenter iwwer de rezente Mähdreschercross
  • E weideren Artikel vum Sophie Diderrich iwwer den Tour (Meckenheim, Köln), deen déi Verantwortlech vun der LLJ am September 2019 fir hir Memberen organiséiert hat
  • En Artikel vum François Glodt iwwer „En Dag vun der Kooperatioun“, op deen d’LLJ Cliärref de 6. Oktober 2019 invitéiert hat
  • D’Ofschlossfeier vum 60. Anniversaire vum Service Coopération vun der LLJ, de 26. Oktober 2019 zu Wickreng „An Haffen“
  • Rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer de Kooperatiounsprojet, deen den Asaz vum Duo Iesel/Kassin am Interessi vun de lokale Produzente am Burkina Faso stäerkt

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Comments Off on LLJ.News 4/2019

De Jongbauerendag 2019: Referat vum Här Christophe Peifer-Weihs, Agrarpolitesch Stellungnam, Fotoen, …

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn e Sonndeg, de 17. November 2019 op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole vun Ettelbréck invitéiert.

No der Begréissung vun den Autoritéiten, den Acteuren aus der Landwirtschaft, de Frënn a Membere vun der LLJ duerch den LLJ-Nationalpresident Marc ROEDER, huet den Här Äerzbëschof, S. Em. Jean-Claude Card. HOLLERICH säi Grousswuert un d’Assemblée geriicht.

Geschwënn dono ass den neie Verbandsfändel vun der LLJ-Nationalpresidentin Angèle MERSCH virgestallt a vum Här Äerzbëschof ageseent ginn.

Den Här Christoph Peifer-Weihs, Direkter vu CONVIS, huet sengersäits d’Thema “Die Landwirtschaft im Klimawandel: Herausforderungen und Lösungen. Was bringt die Zukunft?” opgegraff. D’agrarpolitesch Stellungnam ass vum Ben SCHMITGEN a vum Pol WAGNER, Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik vun der LLJ, virgedroe ginn.

Zum Schluss huet den Här Romain SCHNEIDER, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an Entwécklung vum ländleche Raum, seng Unerkennung fir d’LLJ an e puer Wuert vun Encouragement fir de Secteur ausgeschwat.

  1. Pressetext
  2. Fotoen
  3. Referat zum Thema “Die Landwirtschaft im Klimawandel: Herausforderungen und Lösungen. Was bringt die Zukunft?vum Här Christoph Peifer-Weihs, Direkter vu CONVIS s.c.
  4. Agrarpolitesch Stellungnam

 

An der Press:

  1. Am “Luxemburger Wort” vum 19.11.2019 ënner dem Titel: Wink mit dem Zaunpfahl
  2. Ënner www.tageblatt.lu mam Titel: Agrarpolitische Stellungnahme der LLJ

 

 

LLJ | Comments Off on De Jongbauerendag 2019: Referat vum Här Christophe Peifer-Weihs, Agrarpolitesch Stellungnam, Fotoen, …

Bazar de solidarité vun der Asbl ACCB

Galerie mat 4 Fotoen.

D’Asbl ACCB (Les Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie) invitéiert op hire “Bazar de Solidarité”, vum 30. November – 1. Dezember 2019. Den Organisator huet sech dëst Joer dofir ausgesprach, fir mam Erléis vum Basar virun allem d’Kooperatiounsprojeten ze … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Bazar de solidarité vun der Asbl ACCB

Réckbléck am Bild op eng sympathesch Feier fir den Ofschloss vum 60. Anniversaire vun eiser ONG

Galerie mat 75 Fotoen.

De Verwaltungsrot vum “Service Coopération” vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) hat bekanntlech dee leschte Samschdeg (26.10.2019) op eng Soirée conviviale invitéiert, fir d’Joer vum 60. Anniversaire vun der ONG mat enger sympathescher Feier ofzeschléissen. Vill Frënn, Ancienen an … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck am Bild op eng sympathesch Feier fir den Ofschloss vum 60. Anniversaire vun eiser ONG