Neie Verbandsfändel vun der LLJ a.s.b.l.

Scho vill Stonnen huet d’Madame Michèle Schuler vum Oni’s Workschop um neie Fändel geschafft, fir dat en um Jongbauerendag 2019 virgestallt an ageseeent ka ginn

Dëser Deeg konnt sech d’LLJ-Presidentin Angèle Mersch vum gudde Fortschrëtt bei der Realisatioun vum neie Verbandsfändel vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ iwwerzeegen.

Bekanntlech hat den Nationalcomité sech dat lescht Joer dofir ausgeschwat, fir am Kader vum 90. Anniversaire (2018) en neie Verbandsfändel an Optrag ze ginn.

Zënter, datt d’Skizz vun der Mme Arlette Kieffer vun Näerzeng virläit, si fléisseg Hänn wärend ville Stonnen am Oni’s Workshop zu Veianen derbäi, fir der Kënschtlerin hir Viraarbecht am/um Stoff ze konkretiséieren.

Um neie Verbandsfändel vun der LLJ huet och eis ONG hir Plaz. Déi Verantwortlech vun der LLJ hunn drop gehalen, datt eng ganz Säit vum Fändel fir de Service Coopération reservéiert ass, dee jo bekanntlech zënter 60 Joer e wichtege Bestanddeel vun der Jugendorganisatioun duerstellt.

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Neie Verbandsfändel vun der LLJ a.s.b.l.

Foire Agricole fir Kanner

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, de 5. Juli 2019


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

e Freideg, de 5. Juli 2019 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.

Workshops 2019 (Beschreiwung, Detailer, …): aktualiséiert Lëscht vum 12.06.2019


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne bis de 26. Juni 2019 (um 08:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld vun de Reservatiounen muss e Login ugefrot ginn: workshop.fae.lu

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

 


LLJ | Comments Off on Foire Agricole fir Kanner

Réckbléck am Bild op de “Bauerenhaff an der Stad 2019”

Galerie mat 156 Fotoen.

Iwwer de Weekend vum 6. – 7. Abrëll 2019 huet d’LLJ (Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.), déi Stater Leit op déi 2. Editioun vun der Sensibiliséierungsaktioun am Interessi vun eiser Landwirtschaft, de sougenannte Bauerenhaff an der Stad invitéiert. Vill Leit … Weider liesen

Fotoen | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck am Bild op de “Bauerenhaff an der Stad 2019”

45. Landjugenddag

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Maacher a.s.b.l. invitéiert ganz häerzlech op de 45. Landjugenddag zu Berbuerg op Christi-Himmelfaart, en Donneschdeg, den 30. Mee 2019:


PROGRAMM

 

De Landjugenddag an der Press:

Am “Luxemburger Wort” (27/05/2019): Wettkampf mit Spass-Faktor

 


LLJ | Comments Off on 45. Landjugenddag

Réckbkléck op d’Generalversammlung 2019

Galerie mat 28 Fotoen.

Réckbléck am Bild op eis dësjäreg uerdentlech Generalversammlung, déi gëschter Owend (24/05/2019) mam gängege Programm am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale ginn ass, mat: Begréissung vun der Assemblée duerch d’LLJ-Presidenten Angèle Mersch, Marc Roeder Aktivitéitsbericht vun der … Weider liesen

Fotoen | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbkléck op d’Generalversammlung 2019

LLJ.News 2/2019

D’Zeitung vun der Landjugend an de Jongbaueren

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.2/20198) kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen, Mëtt Juni 2019 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, resp. déi demnächst ustinn:

 

  • déi „2. Editioun vum Bauerenhaff an der Stad“, déi iwwer de Weekend vum 6. – 7. Abrëll 2019 bei der „Gëlle Fra“ vun der LLJ organiséiert ginn ass
  • de „45. Landjugenddag“, deen den 30. Mee 2019 vum regionale Landjugendgrupp Maacher zu Berbuerg organiséiert gëtt
  • d’Opleschtung vun deenen, déi d’Responsabitéit fir den Exercice 2019 – 2020 an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, de Landjugendgruppen, den Aarbechtsgruppen an der ONG iwwerholl hunn
  • d’Virstellung vum neien ekologesche Landwirtschaftsberoder Marc Jacobs
  • d’Virstellung vun der Sensibiliséierungsaktioun Fro de Bauer duerch d‘Lisa Jacqué
  • d’Virstellung vum Grupp Zuucht duerch hire neie President Raoul Gerekens
  • de Programm, deen d’ONG fir hire 60. Anniversaire op der Foire Agricole virgesinn huet

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren
  • d’Cuvée Jubilée, déi am Kader vum 60. Anniversaire vun der ONG vu FRU by Georges Schiltz elaboréiert ginn ass

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Comments Off on LLJ.News 2/2019

BURKINA -FASO : Le complexe scolaire de Zambélé

La construction du complexe scolaire public de Zambélé (commune rurale de Gomponsom, province du Passoré), a pour but de combler le manque d’infrastructures scolaires en milieu rural, et de permettre à tous les enfants et jeunes du village et des environs d’accéder à l’éducation. La réunion sur un même site des niveaux préscolaire, primaire et post-primaire (collège d’enseignement général) permet d’assurer la continuité de la scolarisation des enfants tout en restant à proximité de leur famille. La réduction des distances à parcourir pour atteindre l’école la plus proche sécurise à la fois la scolarisation des plus jeunes et facilite la scolarisation des filles. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Comments Off on BURKINA -FASO : Le complexe scolaire de Zambélé