Generalversammlungen 2018

Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun de Generalversammlungen 2018 vun de regionale LLJ- an Aarbechtsgruppen, der nationaler Associatioun “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren”, resp. der ONG-D, deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi eenzel Datumer festgeluecht sinn:

Associatiounen / GruppenDatum Uertschaft / Plaz
Regional LLJ-Gruppen
LLJ Cliärref24.03.2018"Am Sall" zu Eeselbuer
LLJ Dikrich16.02.2018Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
LLJ Furen09.03.2018"Am Bau" zu Furen
LLJ Maacher16.03.2018"Auberge du Village" zu Dickweiler
LLJ Süden12.01.2018Hal "Union des Bons Amis" zu Diddeleng
LLJ Uewersauer03.02.2018Um Schumann
LLJ Zenter07.04.2018An der "Sëllerstuff" zu Sëll
LLJ-Aarbechtsgruppen
Grupp Zuucht06.02.2018Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
Fleeschranner-Jongziichter
National Associatiounen
LLJ a.s.b.l.27.04.2018Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LLJ - Service Coopération a.s.b.l.21.03.2018An de Raimlechkeete vun der ErwuesseBildung am Bâtiment G vum Centre Convict an der Stad

D’Generalversammlungen (AG) ginn am Prinzip um 20:00 Auer ofgehalen. Déi eenzel Associatiounen deelen déi genau Auerzäit awer an deenen offiziellen Invitatioune mat, déi am Virfeld vun deene respektiven AG-en un hir Membere verschéckt ginn.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Landjugendkalenner 2018

Landjugendkalenner 2018 zum Thema “Aarbechten an der Landwirtschaft”

 

De Landjugendkalenner 2018 mat Fotoen zum Thema “Aarbechten an der Landwirtschaft” ass geschwënn disponibel a kann iwwer dëse Formulaire bestallt ginn.

No der Bestellung/Iwwerweisung kritt Dir en an deene beschten Delaie mat der Post heemgeschéckt.

Präis: 15 €

 

Fotoen: Catia Biel, Nelly Meyers, Véronique Reiff

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso duerch de Landjugendgrupp Süden

Am Kader vun hirer Generalversammlung, op déi d’Verantwortlech vum regionale Landjugendgrupp “Süden“ den 12. Januar 2018 an d’Hal vun der „Union des Bons Amis“ op Diddeleng/Biereng agelueden haten, hunn si dem Romain Richer, President vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ e Scheck am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht.

Am Numm vum Verwaltungsrot, huet de Romain deene Jonke ronderëm hire President Jeff Schmit, säi grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Süden | Kommentar hannerloossen

Wonnerbare Gest zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Am Kader vum 80. Gebuertsdag vum Här Pierre Keup, resp. hirer Gëllen Hochzäit, hunn den Här & d’Madame Keup-Dhur de Romain Richer, President vun der ONG, op Wäisswampech agelueden, fir him e Scheck am Wäert vu 6.000 € ze iwwerreechen an iwwer dee Wee d’Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der sympathescher Koppel säi grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an hinne verséchert, datt d’Suen integral an de Projet fléissen, wou am Moment den Ausbau vun de Schoulinfrastrukture vu Zambélé mam lokale Partner realiséiert gëtt. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten am ONG.News 20/2017, dee weiderhin erofgeluede ka ginn: ONG-News 2017.

Mir wënschen dem Här Pierre Keup nodréiglech all Guddes fir säin héije ronne Gebuertsdag an him a senger Madame nach vill schéi gemeinsam Joren am Krees vun hirer Famill.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Jongziichter-Seminaire

Den Aarbechtsgrupp “Fleeschranner-Jongziichter” vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” invitéiert déi interesséiert Kanner (ënner 15 Joer) op e

Jongziichter-Seminaire

e Samschdeg, de 17. Februar 2018 um 13:30 Auer

um Betrib vum Här François Weiler zu Roodt/Septfontaines

Umeldung bis den 10. Februar 2018 beim Jeanne Lux um Tel. 691 811 265.

 

LLJ - Fleeschranner Jongziichter | Kommentar hannerloossen

LLJ.News 4/2017

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.4/2017) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 15. Dezember 2017 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir nees an dëser Zeitung op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn: d’Ausschaffe vum Landjugendkalenner 2018 (deen an der Tëschenzäit bestallt ka ginn), den Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017 zu Clierf, den Tour op Amsterdam vun iwwer 60 Membere vun der LLJ (21. – 22. Oktober 2017), deen traditionellen a gutt besichte Jongbauerendag zum Thema „Um Wee zur Agrarpolitik 2020“ (19. November 2017 zu Ettelbréck), …

Dësweidere werfe mir dës Kéier e Bléck op d’Schaffen an – wéi kann et anescht sinn – d‘Feieren an de regionalen LLJ-Gruppen „Cliärref“ a „Süden“.

Op de Säiten 18 a 19 vun dëser Ausgab komme mir dann an der Haaptsaach op dee vu laanger Hand  preparéierten „Burkina Dinner“ zréck, wou den 30. Oktober 2017 ronn 400 Leit derbäi waren, fir e puer flott Stonnen zesummen am Interessi vun der gudder Saach an der Däichhal zu Ettelbréck ze verbréngen.

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252  oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Im Rahmen der AgriTechnica 2017

Seit 2013 unterstützt der Landmaschinenhersteller Massay Ferguson (MF) den Europäischen Rat der Junglandwirte (CEJA). Im Rahmen der Agritechnica in Hannover lud MF die Junglandwirte zu einem Standrundgang ein.

Die Delegation, zu der mehrere Mitglieder der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ zählten, wurde von den beiden CEJA-Vizepräsidenten Iris Bouwers und Christoph Daun angeführt.

MF nutze die Gelegenheit um der Gruppe ihre neuesten Maschinen vorzustellen und bot zum Abschluss noch einige kühle Getränke an.

Mitgeteilt von Laurent Frantz

 

CEJA | Kommentar hannerloossen

Avis aux Amateurs

Loftbiller vun der Aktioun, déi am Kader vum 75. Anniversaire vun de „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ an d’Guinnessbuch vun de Rekorden opgeholl ginn ass

Bei Geleeënheet vum 75. Anniversaire vun de „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ (2003) huet den Här Nic Weisen vu „Loftbiller Weisen“ déi spektakulär Aktioun vum regionalen LLJ-Grupp „Zenter“ am Bild festgehalen, wou sech deemools 75 Baueren zesummefonnt hunn, fir hir Méidrescher an der Géigend vu Groussbus esou opzestellen, datt d’Nummer 75 vum Grënnungsjubiläum vun der Associatioun aus lëfteger Héicht ze erkenne war.

D’Aktioun ass séngerzäit als neue Weltrekord an d’Guinnessbuch vun de Rekorden opgeholl ginn.

Den Här Weisen léisst matdeelen, datt nach Loftopnamen (20 x 30 cm) vun deemools disponibel sinn. Si kënnen an der Zentral vun der LLJ bestallt ginn: per E-Mail „secretariat@jongbaueren.lu“ oder per Tel.: 44743 – 252. Präis pro Foto: 10 €

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Wonnerbare Gest vun de „Fraen a Mammen“ vun Helleng/Fréiseng

Bei Geleeënheet vun enger vun hire reguläre Reuniounen hunn déi Verantwortlech vun de „Fraen a Mammen“ vun der Sektioun Helleng/Fréiseng, dem Vertrieder vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ e generéise Scheck iwwerreecht, fir d’Entwécklungszesummen-aarbecht ze ënnerstëtzen, déi d’Hëllefsorganisatioun zënter laange Joren am Burkina Faso leescht. Déi impressionnant Zomm vun 8.000 € ass deelweis bei den Theaterowender zesummekomm, déi déi dynamesch Dammen all Joer jeeweils am Februar/Mäerz fir e gudden Zweck organiséieren.

Am Numm vum Verwaltungsrot huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG, de sympatheschen Dammen säi grousse Merci ausgedréckt a verséchert, datt dës Suen integral an d’Kooperatiounsprojete fléissen, déi vun de lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung realiséiert ginn.

Un der Scheckiwwerreechung  hunn sech och d’Sekretären, resp. Membere vun der Landjugend „Süden“ bedeelegt, déi am gudde Kontakt mat de Verantwortleche vun der lokaler Sektioun vun de „Fraen a Mammen“ stinn, a regelméisseg op den Theaterowender mat derbäi sinn. Op der Foto gesäit een deemno op den Huppe riets (v.l.n.r.) de Pol Majerus, d’Angèle Mersch an d’Camilya Berriri, déi sech an hirem regionale Grupp och fir d’ONG staark maachen.

Foto : Romain Richer

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen