Vorstellung b│u│s│ Unternehmertraining

andreas-hermes-akademieDas Agieren auf landwirtschaftlichen Unternehmen wird immer komplexer. Das Risiko, die Anforderungen und die Arbeitsintensität steigen. In schwierigen Zeiten ist es besonders wichtig den richtigen Weg zu finden. Den Betrieb richtig zu Führen und die richtigen Entscheidungen zu treffen.

Unternehmerische und persönliche Fähigkeiten sind entscheidend für die zukünftige Entwicklung des Betriebs.

B│U│S│ Unternehmertraining ist für alle, die Ihre persönliche Entwicklung fördern, ihr unternehmerisches Können schulen und zukunftsfähige Strategien für ihren Betrieb erarbeiten möchten. Hierzu gehört nicht nur die Leitung des Unternehmens in all seinen Facetten oder die klassische Mitarbeiterführung, sondern vielmehr die Einbindung aller Beteiligten. Führung braucht Persönlichkeit. Dazu stellt B│U│S│ klar die Säulen des Erfolgs in den Mittelpunkt – Individualität, Struktur und Weitblick.

Dienstag, 20.09.2016 um 20:15 Uhr

im Lycée Technique Agricole in Ettelbrück

Hier erhalten  erste Eindrücke vom B│U│S│-Training, sowie Informationen zur Organisation eines Trainings hier in Luxemburg: pdf

Weitere Infos unter : www.andreas-hermes-akademie.de

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

E schéine Gest fir d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG

Scheck Jacques Melkert (2)Mat 15 Joer huet hien ugefaangen; elo, no 43 Joer Schaffen op sengem Bauerebetrib, huet den Här Jacques (Cooki) Melkert vun Essen seng Pensioun gefeiert. Zesumme mat senger Fra Simone huet hien seng Famill, Frënn a Kollegen op e Fest invitéiert a bei där Geleeënheet och e Scheck am Wäert vun 1.500 € fir d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ un déi zwee Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG iwwerreecht (riets vum Här Melkert, d’Madame Wolter-Hilgert; lénks vun him, d’Madame Martine Majerus-Clemes).

Mir soen dem Här Melkert e grousse Merci, fir dëse generéise Gest a wënschen him all Guddes a vill Freed an dëser neier Etapp vu sengem Liewen.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Virstellung vun der ONG am Tageblatt vum 4. August 2016

Der Esel - der wichtigste HelferAm “Tageblatt” vum 4. August 2016 ass d’Journalistin Lynn Wolff am Kader vum Thema “NGO” ënner dem Titel “Der Esel, der wichtigste Helfer” op déi laangjäreg Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren agaang.

Während dëse Summerméint (2016) stellt d’Zeitung deemno eng Rei Associatioune vir, déi “net regelméisseg am Fokus stinn, deenen hir Aarbecht am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht awer net manner wäertvoll ass”.

 

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Landjugend-Power-Aktioun 2016

LandjugendPowerVum 10. bis den 11. September 2016 ass d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op en Neits ueschter d’Land op benevoler Basis fir Iech am Asaz. Och während der – ëmmerhin – schonn 10. Editioun (2000, 2002, 2004, 2005, 2006, 2008, 2010, 2012, 2014) vun der Landjugend-Power-Aktioun leeschten déi siwe regional Landjugendgruppen a folgenden Uertschaften hire Bäitrag zum Wuel vun der Allgemengheet:

D’LLJ Cliärref zu Maarnech; d’LLJ Dikrech zu Ierpeldeng (Sauer), d’LLJ Furen zu Baastenduerf; d’LLJ Maacher zu Mënjecker; d’LLJ Süden, d’LLJ Uewersauer zu Ierpeldeng (Wooltz), d’LLJ Zenter zu Miersch.

Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, hunn d’Memberen aus de Gruppe vun der LLJ d’Aufgab, eng gemeinschaftlech Aarbecht duerchzeféieren, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. D’Aufgab, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si bleift allerdéngs bis dee leschte Moment geheim. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir gëtt de Gruppe vun den technesche Servicer aus der Gemeng zur Verfügung gestallt.

An deene vergaangene Joren sinn ënner anerem folgend Aufgabe vun der LLJ gemeeschtert ginn: Uleeë vun engem Beach-Volleyball-Terrain, engem Arboretum, engem Léierpad, engem Léiergaart, vu Petanque-Pisten, Wanderweeër, Spill-, Grill- a Raschtplazen, Picknickhaisercher, Chaleten, den Amenagement vum Ëmfëld vun engem Monument, Restauratiounsaarbechten u Schoulen a Wäschbueren,…

Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun:

LaLux

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 7-8/2016

Duerf 7-8_2016Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Aktualisatioun vun eiser Homepage

organigramme-2016Bedéngt duerch d’Vereinfachung vun der Struktur vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. – déi mat der Statutenännerung vum 15. Abrëll 2016 rechtskräfteg ass – mussen eng ganz Rei Ännerungen an Adaptatiounen op eiser Homepage virgeholl ginn. Mir maachen dat no an no an an deene beschten Delaien.

Mir bieden ëm Äre Versteesdemech.

Statuten
Dissolution: Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l.
Dissolution: LLJ – JB & JW a.s.b.l.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

1. Plouconcours vun der LLJ Süden

PlouconcoursDie Idee, eine neue Aktivität in den Kalender der regionalen Gruppe der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ (LLJ) aufzunehmen, kam mit dem Beitritt vieler junger, motivierter Jungbauern und Jugendlicher.

Um der Nachfrage der neuen Mitglieder der LLJ-Gruppe entgegenzukommen, hat sich der Vorstand entschieden, den Pflugwettbewerb – den sogenannten „Plouconcours“ – neu aufleben zu lassen. Somit lädt der Vorstand der LLJ Süden alle Landwirte, die im Besitz eines Pfluges sind, ganz herzlich ein, an diesem Wettbewerb teilzunehmen. Hier wird nicht die Schnelligkeit bewertet, sondern die präzise Ausübung des Pflügens. Es werden Kategorien je nach Art des Pfluges erstellt, in welche die einzelnen Teilnehmer eingeteilt werden und gegeneinander antreten. Die gepflügte Fläche wird von Richtern bewertet.

Anmeldeformular / Formulaire d’inscription / Regeln

 

Weider liesen

Downloads, LLJ Süden | Kommentar hannerloossen

Stellenangebot(e)

Stellenangebot(e) logo_oekozenter-pafendall_TRAITder „Biogasvereenegung a.s.b.l.“ sowie der ökologischen Landwirtschaftsberatung des „OekoZenter Pafendall“ und der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.“: 1 x 20 bzw. 2 x 20 Arbeitsstunden

Da die Arbeitsgebiete recht nahe beieinanderliegen, eine 40-Stundenfinanzierung wohl attraktiver ist als eine Halbtagsstelle, sich die Arbeitsstelle für die beiden Posten im OekoZenter Pafendall (6, rue Vauban, Luxemburg / Pfaffenthal) befindet, bietet es sich an, die Stelle mit einer Person zu besetzen, wobei jeweils 1 Arbeitskontrakt mit der „Biogasvereenegung“ bzw. der ökologischen Landwirtschaftsberatung abgeschlossen wird. Administrative und organisatorische Fragen werden selbstverständlich zwischen den beiden Organisationen geregelt. Weider liesen

Downloads, Ekologesch Landwirtschaftsberodung | Kommentar hannerloossen