Am Kader vun der Aktioun “100 Kassine fir de Burkina Faso” – Offiziell Iwwerreechung vum Aarbechtsgeschir un d’Produzenten

Remise Kassine 02 - 22-12-2015No der spontaner Reaktioun vu Säite vu generéisen Donateuren op d’Aktioun, déi ufanks 2014 ënner dem Titel “100 Kassine fir de Burkina Faso” vun der ONG-D „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.“ lancéiert gi war, konnten déi 100 Kassinen den 22. Dezember 2015 offiziell un d‘Produzenten aus dem Burkina Faso iwwerreecht ginn.

Eis Lieser fannen hei den Artikel vum Journalist Cyrille Zoma iwwer d’Zeremonie vun der Remise vum Aarbechtsgeschir, deen den 29. Dezember 2015 an der Tageszeitung „L’Observateur Paalga“ am Burkina Faso publizéiert ginn ass.

Dësweidere fannen si hei och de Reportage vun der Télévision nationale vum Burkina Faso.

Eise generéisen Donateuren, déi et erméiglecht hunn, datt dës Aktioun am Interesse vun de lokale Produzenten e Succès konnt ginn, soe mir e ganz ganz grousse Merci!

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

E grousse Merci un de Lycée Technique d’Ettelbruck

LTETT - Iwwerreechung vun der Kassin - 2Iwwerreechung am Lycée Technique d’Ettelbruck vum Aarbechtsgeschir „Kassin“

E Méindeg, den 11. Januar 2016 hunn déi Verantwortlech aus dem Lycée Technique d‘Ettelbruck (LTETT) op déi offiziell Iwwerreechung vum Aarbechtsgeschir „Kassin“ invitéiert, déi am Virfeld vun der Foire Agricole 2015 an den Atelieren vum Lycée vu Schüler ënner der Leedung vum zoustännegen Enseignant fabrizéiert gouf.

Si gouf dem interesséierte Public op der Foire Agricole zu Ettelbréck am Kader vun de sougenannte „Burkina Days“ virgestallt a virgefouert. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Eis Generalversammlungen 2016 op ee Bléck

Regional GruppenDatumWou?
LLJ - JB & JW Cliärref12.03.2016Am Sall zu Eselbuer
LLJ - JB & JW Dikkrich12.02.2016Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
LLJ - JB & JW Furen04.03.2016Am Bau zu Furen
LLJ - JB & JW Maacher11.03.2016"Op der Knupp" zu Dickweiler
LLJ - JB & JW Süden29.01.2016An der Hal vun der 'Union des Bons Amis' zu Diddeleng
LLJ - JB & JW Uewersauer 27.02.2016Um Schumann
LLJ - JB&JW Zenter04.03.2016An der Millen zu Biekerech?
National Associatiounen DatumWou?
LLJ a.s.b.l.15.04.2016Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LJB & JW a.s.b.l.15.04.2016Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LLJ - JB & JW a.s.b.l.15.04.2016Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
ONG-DDatumWou?
LJB & JW - Service Coopération a.s.b.l.15.03.2016Am Reuniounsssall um 1. Stack vum Bâtiment G am Centre Convict an der Stad

Auerzäit: jeeweils um 20:00 Auer

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 1/2016

Duerf 1-2016Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 11-12/2015

Duerf 12-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.